Lando Norris start zu Zandvoort vun der Pole Position

© AFP
De Max Verstappen geet bei sengem Heem-Grand-Prix vun der 2. Plaz an d'Course, virum zweete McLaren vum Piastri. Enttäuschung bei Sainz an Hamilton.
Beim Grousse Präis vun Holland, deen déi véiert Kéier gefuer gëtt zënter sengem Retour an de Formel-1-Kalenner, geet de Lando Norris als Éischten an d'Course. Dat virum Lokalmatador Max Verstappen, deen awer iwwer 3 Zéngtel Réckstand op de Britt hat. Den Oscar Piastri komplettéiert mat der drëtter Plaz dat gutt Resultat vu Papaya.
Hei geet et bei de Replay vun der Quali
Um Circuit duerch d'Düne vu Zandvoort ass den George Russell déi véiertbescht Zäit gefuer an huet domat gewisen, wat am Mercedes drastécht. De Sergio Perez huet no der Summerpaus wuel nees dat richtegt Gefill an der Gaspedall fonnt a start vun der 5. Positioun. Hannert dem Red Bull steet mam Charles Leclerc den éischte Ferrari, virum Fernando Alonso. D'Top 10 gi vum Alexander Albon**, dem Lance Stroll an dem Pierre Gasly komplettéiert.
Am zweete Qualifkatiounstour gouf et den iwwerraschenden Aus fir de Carlos Sainz an de Lewis Hamilton*, déi e Sonndeg vun de Plazen 11 an 12 starte wäerten. Dofir koum mam Alexander Albon e bëssen iwwerraschend e Williams an de Q3. Nieft dem Spuenier an dem Britt hunn den Tsunoda, den Hülkenberg an de Magnussen den Auto an der Garage musse parken.
Am éischten Tour vum Qualifying waren de Ricciardo, den Ocon, de Bottas an de Zhou ze lues ënnerwee. De Logan Sargeant hat technesch Problemer an ass guer keng Ronn um Circuit gefuer. De Sergio Perez hat am leschte Versuch nach de Sprong vun der 16. op déi 1. Plaz gepackt.
*De Lewis Hamilton hat an der Qualifikatioun de Sergio Perez um Red Bull op der Streck gehënnert a kritt dofir 3 Strofplazen. De Mercedes-Pilot geet elo just vun der 15. Plaz un den Depart.
**Nach méi haart koum et fir den Alexander Albon. De Williams-Pilot war am Qualifying zwar den 8., gouf awer disqualifizéiert, well den Ënnerbuedem vu sengem Auto net de Reegelen entsprach huet. Genee wéi säin Equipier Logan Sargeant, deen am drëtte fräien Training no enger Kéier vun der Streck ofkoum an en heftegen Aschlag hat, geet den Albon muer vu ganz hannen an d’Course.
Dir kënnt d'Course e Sonndeg wéi gewinnt op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play suivéieren. D'Emissioun geet um 14.15 Auer un.
FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
