Lando Norris dominéiert de Grousse Präis vun Holland
An der Formel 1 ass d'Summerpaus zanter dësem Weekend eriwwer. Déi zweet Hallschent vun der Saison ass mam Grousse Präis vun Holland lancéiert ginn.
An hei gouf et keng Heem-Victoire fir den Hollänner Max Verstappen. De Weltmeeschter hat mat sengem Red Bull op en Neits keng Chance an huet fir déi fënneft Kéier noeneen d'Victoire verpasst. Freeë konnt sech de Lando Norris op McLaren. Fir de Britt ass et déi zweet Victoire an dëser Saison. Hie war zu Zandvoort vun der Pole Position aus an d'Course gaangen an huet dës dominéiert.
Um Enn ass him zu Zandvoort esouguer den Hattrick gelongen: D'Pole Position, déi séierst Ronn an d'Victoire.
Am WM-Klassment huet den Norris elo nach e Réckstand vun 71 Punkten op de Verstappen.
Optimal hat d'Course fir den Norris awer net ugefaangen. De 24 Joer ale Britt ass nees net gutt fortkomm an huet de Verstappen misse laanscht loossen. An der 18. vun den 72 Ronnen ass et dem Norris awer gelongen, fir den Hollänner op der Streck nees ze iwwerhuelen.
Vun deem Ament un huet de McLaren-Pilot de Weltmeeschter hannert sech gelooss an ass enger souveräner Victoire entgéint gefuer. Um Enn hat de Britt eng Avance vun iwwer 20 Sekonnen op de Verstappen. De Charles Leclerc op Ferrari huet de Podium komplettéiert.
Den Duell ëm déi drëtte Plaz war bis zum Schluss spannend. De Leclerc, dee vun der sechster Plaz an d'Course gaange war, huet sech misse géint den Oscar Piastri um zweete McLaren wieren. Um Enn ass him dat gegléckt. Hien huet de Piastri mat engem Retard vun eppes méi wéi enger Sekonn op déi véiert Plaz verwisen.
Den nächste Weekend geet et scho weider mat der Formel 1. Um Programm steet dann de Grousse Präis vun Italien zu Monza. Vun e Freideg u verpasst Dir op RTL kee Moment.
D'Resultater vum FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
