Bei Williams ersetzt de Franco Colapinto de Logan Sargeant

© JAKUB PORZYCK /I NurPhoto / NurPhoto via AFP
An der Formel 1 gëtt de Logan Sargeant bei Williams fir de Rescht vun der Saison duerch den Franco Colapinto ersat.
Den 21 Joer alen Argentinier kënnt aus der Akademie vun der brittescher Traditiounsecurie. Spéitstens zanter senger Sortie beim drëtte fräien Training zu Zandvoort am Kader vum Grousse Präis vun Holland elo virun 3 Deeg, waren d‘Stonne vum Sargeant an der Kinneksklass am Automobilsport gezielt. De Colapinto sëtzt lo de Weekend scho beim Grousse Präis vun Italien zu Monza am Cockpit vum FW46 an ass domat neien Equipier vum Alexander Albon.
An der Formel 2 huet de Franco Colapinto dës Saison d'Course zu Imola gewonnen a stoung zu Barcelona an zu Spielberg um Podium. Hien ass lo den éischten Argentinier an der Formel 1 zanter 23 Joer. Nom Carlos Reutemann Ufank den 80er, ass de Colapinto deen zweeten Argentinier, dee fir Williams fiert.
De Franco Colapinto schwätzt vun engem Dram, deen an Erfëllung geet an dat bei enger Ecurie mat esou enger onmoosseger Geschicht.
Den Teamchef James Volwes sot: "D'Decisioun fir e Pilot an der Mëtt vun der Saison ze wiesselen, war net einfach ze huelen, ma mir sinn der Meenung, datt dëst Williams déi bescht Chancë gëtt, fir de Rescht vun der Saison ëm Punkten ze kämpfen. De Franco kritt iwwert dëse Wee och eng fantastesch Geleeënheet, fir ze weise wat hie kann. Mir wëssen och, datt et lo fir de Logan, deen a 36 Grand Prixen alles fir Williams ginn huet, immens haart ass."