Kann de Lando Norris nach Weltmeeschter ginn?

© AFP
De McLaren-Pilot hëlt bei de Pilote lues a lues säi Retard op de Leader am WM-Klassement, de Max Verstappen op.
An der Formel 1 huet de Lando Norris mam Grousse Präis vun Holland déi éischt Course no der Summerpaus gewonnen. De McLaren-Pilot hëlt bei de Pilote lues a lues säi Retard op de Leader am Weltmeeschterschaftsklassement Max Verstappen op. Zu Zandvoort huet sech den Hollänner misse mat der zweeter Plaz zefridde ginn. Bei de Konstrukteuren huet Red Bull just nach 30 Punkten Avance op McLaren, bei nach 9 Courssen, déi ze fuere bleiwen. Do stelle sech d'Froen, ob dës Saison de Verstappen a Red Bull eventuell eidel kéinten ausgoen.
Beim Weltmeeschter a senger Ecurie dréint et effektiv net méi sou ronn. De Max Verstappen huet déi lescht 5 Courssen net méi gewonnen. Beim Lando Norris a McLaren rullt et ëmmer besser. Am Weltmeeschterschaftsklassement huet de Verstappen zwar nach eng Avance vun 70 Punkten op den Norris, bei de Konstrukteuren ass den Ecart tëscht Red Bull an McLaren awer mëttlerweil op 30 Punkte geschmolt. Et kéint also nach richteg interessant ginn, seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
Wann den Norris all Course gewënnt, all Course an all Sprint, wann de Verstappen nëmmen 2. gëtt, gëtt den Norris mat fënnef Punkte Virsprong Weltmeeschter. Dat heescht, dat do ass eng ganz, ganz grouss Hausnummer fir den Norris. Mir mussen dovun ausgoen, hie gewënnt net onbedéngt all Course. Wann hien eng Course net gewënnt, ass et awer warscheinlech, dass de Max d'Course gewënnt. Ausfäll kënnen natierlech op béide Säite passéieren. Et ka villes geschéien, wat do beweist, et ass mathematesch definitiv nach machbar. Et ass zwar schwéier, mee du muss bis zum Schluss dru gleewen. Bei de Constructeuren ass d'Saach vill méi einfach. Wann s de do an zwee Weekender en 1, 2 hëls, an déi aneren 3, 4, dann hues de déi Punkte scho bal ganz opgeholl. Do gesinn ech et vill méi warscheinlech, dass McLaren nach a Féierung geet, wéi dass Red Bull sécher den Titel mat heem hëlt.
Souwuel an der Weltmeeschterschaft bei de Pilote wéi och bei de Constructeuren ass d'Mass also nach net gelies.
Den nächste Weekend ass de Formel-1-Zirkus zu Monza am Temple of speed. De Grousse Präis vun Italien kënnt Dir dann och nees Live um RTL Zwee an online op rtl.lu an rtlplay suivéieren.