D'Virschau op de Grousse Präis vun Italien zu Monza

© GABRIEL BOUYS AFP
Den Temple of speed an der Formel 1 ass gläichzäiteg d'Kathedral fir all Tifosi.
Fir de Grousse Präis vun Italien gëtt et bei Williams e Pilotewiessel, ma virun allem stellt sech awer d'Fro, ob Ferrari beim Heemspill zu Monza d'Dominanz vun deenen aktuell zwou stäerksten Ecurien, McLaren a Red Bull, ka briechen,
Ferrari hänkt dës Saison den Erwaardungen hannendrun, och wann de Carlos Sainz zu Melbourne an Australien ganz uewen um Podium stoung, an de Charles Leclerc mam Grousse Präis vu Monaco déi éischte Kéier a senger Karriär säin Heem-Grand-Prix konnt gewannen. Elo waart Monza, do brauch ee kengem ze soen, wat dat fir d'Ecurie Ferrari an d'Pilote vun der Scuderia bedeit, sou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.
"D'Ferrari virun den Tifosi ass natierlech un Drock net ze toppen. Dat ass eng ganz Natioun, déi dech do unhimmelt wéi eng eege Relioun. Si kënnen net onbedéngt sech eppes aus der Täsch erauszauberen. Du kanns do net einfach de Motor opdréinen a méi Leeschtung eraushuelen. Si hunn allerdéngs hiren Update-Package op Monza getimed. Dat heescht, si suergen derfir, dass se awer nei Stécker fir den Auto bréngen, fir nach eng Kéier kënnen d'Performance ze maximéieren, mol kucken, ob et funktionéiert. Mä dat do ass definitiv keen Zoufall, dass dee Package fir Monza kënnt."
Op net manner ewéi néng Plazen um Auto huet Ferrari en Update mat op Monza bruecht. Fir den Dominique Riefstahl kéint et dëse Weekend richteg spannend ëm d’Victoire ginn:
"Monza, den niddregsten Downforce-Niveau vum Joer. Déi Autoen, déi zu Montreal an zu Spa gutt funktionéiert hunn, sinn déi, déi zu Monza an der Reegel och dann d'Nues vir hunn. Ech denken, dass do Mercedes erëm méi ka matspillen. De McLaren éischter manner. De Ferrari - an der Reegel an de leschte Courssen - ware bei niddregem Downforce och ganz anstänneg ënnerwee. Dat heescht, ech gesinn do en Dräikampf tëscht dem Red Bull, dem Mercedes an dem Ferrari an éischter Linn. An de McLaren, déi sech do iergendwou dertëschent placéieren."
Am Ufank vun der Woch huet Williams matgedeelt, datt de Logan Sargent duerch den Franco Colapinto ersat gëtt. Den Amerikaner Sargent hätt säin Auto zu Zandvoort an Holland well eng Kéier ze vill zu Schrott gefuer, sou den Dominique Riefstahl:
"D'Summerpaus wär méi logesch gewiescht fir e Fuererwiessel. Elo muss een natierlech och bedenken, dass wärend der Summerpaus u sech guer näischt leeft, well och näischt däerf lafen. Dat heescht, an deem Sënn ass dat quasi egal. Fir mech ass éischter Ausschlaggebend, de Crash am FP3 vum Logan Sargeant, hie krut sécher zu iergendengem Moment gesot, en däerft den Auto net méi schrotten, well se dat finanziell net méi kënnen droen. En huet an engem naassen drëtte Fräien Training, wou et ëm näischt geet, mat engem Fuerfeeler den Auto nach eng Kéier komplett geschrott. Do ass iergendwann d'Faass voll an do krut e gesot: 'elo geet et duer.'"
Elo kritt also den 21 Joer Jonke Colapinto aus der Williams-Akademie seng Chance. Den Argentinier ass deen éischte Pilot aus sengem Land zanter 23 Joer, deen nees an engem Formell-Cockpit e Grand Prix fiert.
Fir de Max Verstappen ass et e Sonndeg säin 201. Den Hollänner huet als Leader am Klassement 72 Punkten Avance op de Lando Norris. Bei den Ecurië schmëlzt d'Avance vu Red Bull awer ëmmer méi, do hu Verstappen a Perez just nach 30 Punkte Virsprong op McLaren mat Norris a Piastri.
Ob McLaren nach méi no kënnt oder ob Ferrari all d'Supporter vun der Scuderia am 7. Formel-1-Himmel schwiewe léist, kënnt dir dëse Weekend nees live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE an online op rtl.lu an op rtlplay suivéieren.