Den Oscar Piastri geet vu Startplaz 1 an de Sprint

De Weekend mécht d'Formel 1 zu Interlagos a Brasilien Statioun. Et ass e Sprint-Weekend.
Nom 1. Fräien Training e Freidegnomëtteg ass dofir schonn e Freidegowend de Sprint Qualifying gefuer ginn.
Déi séierste Ronn ass dem Oscar Piastri gegléckt. Hie geet domadder e Samschdeg um 15 Auer vu Startplaz 1 an de Sprint. Nieft him steet de Lando Norris.
Aus der zweeter Rei fuere fort de Charles Leclerc an de Max Verstappen.
Am SQ1 goufen d'Piloten Alonso, Ocon, Tsunoda, Stroll an Zhou eliminéiert
Am SQ2 war Feierowend fir Hamilton, Hülkenberg, Perez, Colapinto a Bottas.
Hei geet et bei de Replay vun der Quali
E Samschdeg kënnt Dir de Sprint an de Qualifying live op RTL suivéieren. E Sonndeg ass dann d'Haaptcourse mam Grousse Präis vu São Paulo. Um 18 Auer ass den Depart. Vu 17.15 Auer sinn d'Kolleege vun der Tëlee live fir Iech mat dobäi.