No Austin an den USA an virun 8 Deeg a Mexiko-City geet dëse Weekend den Triple header um amerikanesche Kontinent mam Grousse Präis vu Sao Paulo op en Enn.

De Grand Prix zu Interlagos versprécht erëm vill Spannung ... virun allem steet och nees de Sprint um Programm. 4 Course viru Schluss ass och an der Weltmeeschterschaft bei de Piloten an bei de Constructeuren nach alles op.
 
D'Ecurie vun der Stonn ass Ferrari. Zu Austin stoung de Charles Leclerc ganz uewen um Podium. Am Mexiko war et de Carlos Sainz vun der Scuderia. Am Weltmeeschterschaftsklassement bei de Constructeuren ass Ferrari lo op déi zweete Plaz geklomm, fënnefanzwanzeg Punkte viru Red Bull an nénganzwanzeg Punkten hanner McLaren. Zu Mexiko City war et definitiv kee gudde Weekend fir d'Red Bull -Pilote Max Verstappen a Sergio Perez, den RTL -Formel 1 -Expert Dominique Riefstahl:

Eng mouvementéiert Course, wat d' Strofen ugeet. Red Bull, déi virun allem do de grousse Verléierer waren. Ob déi zweemol zéng Sekonne fir de Max Westappen richteg war, woen ech ze bezweifelen. Aner Piloten hunn an der jonker Vergaangenheet éischter fënnef Sekonne fir esou eng Aktioun kritt. Schlussendlech huet en um Resultat net vill ausgemaach. De Max ass zréckkomm op déi sechste Plaz, déi och déi war, wou säin Auto sech an der Pace agereit huet.

De Leader am WM-Klassement, de Max Verstappen, gouf virun enger Woch a Mexiko just de sechsten. Dee schäerfste Konkurrent vum Weltmeeschter, de Lando Norris, gouf den zweeten. De McLaren -Pilot huet säi Retard op de Verstappen zwar op siwenavéierzeg Punkte reduzéiert, richteg virubruecht huet dat den Norris awer net:
 
Fir de Lando ginn d'Weltmeeschterschaftschancen ëmmer méi kleng. Allerdéngs weess en: Zu Interlagos kann en zumindest nach net den Titel verléieren, hie muss allerdéngs wierklech dofir suergen, dass en e Maximum u Punkten eraushëlt, an dass de Vestappen e Minimum u Punkten mat heem hëlt. De Virdeel ass, dat do ass e Circuit, deen duerchaus de Ferrariën an de McLaren misst leien. De McLaren am Fong nach méi wéi dem Ferrari an dat do ass kee Circuit, deen eng Red Bull-Stäerkt ass.
 
Lo ass de Formel -1 -Zirkus also um legendäre Circuit vun Interlagos, op deem scho vill geckeg Geschichte geschriwwe goufen. "D' Streck ass och extreem usprochsvoll", seet den Dominique Riefstahl.
 
Den Tracé ass zwar fir d'Piloten eng richteg positiv Erausfuerderung, en huet enorm vill Flow, mee fir d'Ingenieuren ass et eng extreem breet Fënster, an där den Auto muss fonctionéieren. D'Kéiere si ganz vill kombinéiert Entréeën a Sortien, do muss d' Balance vum Auto gutt stëmmen, do ass enorm vill Stabilitéit gefrot. Deen hënneschte rietse Pneu ass deen, dee bei wäitem mat am meeschte belaascht gëtt, virun allem an der Traktiounsphas. An dann déi grouss Onbekannt fir dëst Joer ass, dass de Macadam komplett nei gemaach ginn ass an duerno och nach mat héijem Drock gebotzt ginn ass.
 
 
Um Circuit vu Sao Paolo ginn et genuch Iwwerhuelméiglechkeeten. D'Meteo spillt bei deem Ganzen och ëmmer nees eng Roll, esou den RTL-Formel 1-Expert.
 
Interlagos ass, wat d'Wieder ugeet, och ëmmer erëm chaotesch. Wann et reent, dann normalerweis hefteg. Ganz plëtzlech en Donnerwieder. Dat suergt fir Chaos um Circuit. An der Vergaangenheet huet et och oft dofir gesuergt, dass d'Konditiounen net gutt waren, fir ze fueren. De Circuit huet d' Waasser net besonnesch gutt drainéiert.
 
D’lescht Saison konnt sech de Max Verstappen virum Lando Norris an dem Fernando Alonso op Aston Martin duerchsetzen. Datt de Podium dëst Joer a Brasilien esou ausgesäit, schéngt éischter onwarscheinlech.
 
Virun 30 Joer huet jo och d'Formel 1 Legend Ayrton Senna eis fir ëmmer verlooss. An sengem Heemechtsland gëtt dëse Weekend besonnesch un de Brasilianer geduecht.

Wat soss nach op der Streck, an de Qualifikatiounen an an de Courssen alles geschitt, kënnt dir natierlech nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op rtl.lu an rtlplay suivéieren