D'FIA an d'F1 reagéiere sensibel, wann d'Piloten net op hire Langage oppassen. Well him d'F-Wuert erausgerutscht war, gouf de Leclerc elo bestrooft.

Beim Grousse Präis vu Mexico-City hat de Charles Leclerc een Ausrutscher. Oder besser gesot zwee. Deen éischten ass dem Ferrari-Pilot an der Course passéiert. Hie koum an der leschter Kéier un d'Struewelen, warscheinlech wéinst engem Wandstouss, mee konnt säi Ferrari erëm opfänken. Bei där Aktioun huet hien déi zweete Plaz un de McLaren-Pilot Norris verluer.
 
Deen zweeten Ausrutscher ass dem Monegass an der Pressekonferenz ënnerlaf. Ee Journalist huet hien op d'Situatioun an der Course ugeschwat. De Leclerc äntwert: "Ech krut op eemol Iwwersteieren, ech konnt dat opfänken, mee dunn huet den Auto an déi aner Richtung iwwersteiert, an do hunn ech geduecht 'Fuck'". Him fält säi schlechte Langage direkt op, an entschëllegt sech: "Oh nee, dat deet mir leed. Ech wëll net dem Max musse Gesellschaft leeschten".
 
De Max Verstappen gouf jo beim Singapur-GP zu Sozialaarbecht verurteelt, well hien an enger Pressekonferenz d'F-Wuert benotzt huet, fir de schlechten Zoustand vu sengem Red Bull ze beschreiwen. Déi Strof huet dozou gefouert, dass den Hollänner bei der nächster Pressekonferenz quasi näischt méi gesot huet. 
 
Am Kader vum Grousse Präis a Brasilien huet sech de Lerclerc missten dofir veräntwerten, dass him zu Mexico-City d'F-Wuert erausgerutscht ass. D'Kommissären erkennen un, dass hie sech direkt duerno entschëllegt huet. Dofir brauch hien och keng Sozialaarbecht ze maachen, mee krut „nëmmen“ 10.000 Euro Strof. D'Hallschent, also 5.000 Euro, muss hien direkt bezuelen. Déi zweet Hallschent ass fir 12 Méint op Sursis ausgesat.