De Lando Norris wënnt de Sprint virum Oscar Piastri

© AFP
No 24 Ronne ass de Max Verstappen op déi 3. Plaz komm, hie krut awer eng Zäitstrof vu 5 Sekonnen a muss dës dohier un de Leclerc ofginn.
Um Depart goufen et un der Spëtzt keng Ännerungen a Piastri, Norris, Leclerc a Verstappen konnte sech fréi vum Rescht ofsetzen.
Bei McLaren goufen et um Ufank nees Meenungsverschiddenheeten, dat well d'Plazen tëscht Piastri an Norris net getosch goufe fir dem Britt an der Lutte ëm d'Weltmeeschterschaft ze hëllefen.
Hie gouf dowéinst an den éischte Ronnen vu Leclerc a Verstappen ënner Drock gesat, konnt seng zweet Plaz awer verdeedegen. No 18 Ronnen huet de Weltmeeschter de Leclerc iwwerholl a konnt dem Norris dunn nees geféierlech ginn.
3 Ronne viru Schluss gouf den Norris du vum Piastri laanscht gelooss. Kuerz drop gouf et wéinst dem Out vum Hülkenberg e virtuelle Safety Car, dee réischt en hallwen Tour viru Schluss opgehuewe gouf.
Den Norris decidéiert de Sprint domat fir sech a mécht am Klassement dräi Punkten op de Verstappen gutt, dee wéinst enger Zäitstrof vu 5 Sekonnen op déi 4. Plaz zréckfält an elo nach 44 Punkten Avance huet. Déi zwee Ferrari-Pilote Leclerc a Sainz sinn domat 3. respektiv 5. ginn, hannendrun hu sech nach Russell, Gasly a Perez Punkte geséchert.