Wéinst dem schlechte Wieder a Brasilien ass de Qualifying vum Grousse Präis vu São Paulo eréischt e Sonndeg de Moien eiser Zäit gefuer ginn.

Op naasser Streck ass de Lando Norris e Sonndeg an der Mëttegstonn am Qualifying fir de Grousse Präis vu São Paulo déi séiersten Zäit gefuer. De McLaren-Pilot huet sech virum George Russell op Mercedes an dem iwwerraschenden Drëtte Yuki Tsunoda op RB behaapt.

De WM-Leader Max Verstappen geet nëmme vu Plaz 17 aus an d'Course. Dem Hollänner war am Q2 keng zweet séier Ronn méi gelongen, well de Lance Stroll accidentéiert war an de Q2 46 Sekonne viru Schluss ofgebrach gouf. De Verstappen louch deen Ament op Plaz 12 an do ass dann nach d'Strof vu fënnef Plazen dobäikomm. Domadder kéint den Norris nom Sprint eng weider Kéier dëse Weekend vill Punkten am WM-Klassement guttmaachen.

D'Piloten haten am Qualifying mat de schmierege Wiederkonditiounen ze kämpfen. Am Q3 haten den Alexander Albon an de Fernando Alonso duerch eng Sortie fir eng Ënnerbriechung gesuergt. Am Q2 gouf et zweemol e roude Fändel. Nieft dem Stroll hat och de Carlos Sainz een Accident. De Ferrari-Pilot war no engem Dréier an d'Mauer gaangen. An am Q1 konnt de Franco Colapinto säin Auto net op der Streck halen.

Vill Zäit, fir d'Autoe fir de Grand-Prix nees ze flécken, bleift de Mecanicien net. Wéinst dem Reen zu Interlagos gouf de Start op 16.30 Auer Lëtzebuerger Zäit no vir verluecht. Vu 15.45 Auer u kënnt Dir op RTL live mat dobäi sinn.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2024

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

© RTL