Victoire fir de Max Verstappen am Reechaos vu São Paulo
Den Hollänner ass vun der 17. Plaz op déi 1. Plaz no vir gefuer a konnt den Ecart op de Norris nees vergréisseren. De Britt gouf just de Sechsten.
Vill Reen, zwou Safety-Car-Phasen, eng Partie Ausfäll an eng impressionant Ophueljuegd vum Max Verstappen: Sou kéint een de Grousse Präis vu São Paulo resuméieren, deen um Enn vum Hollänner gewonne gouf. De Verstappen huet sech nom zweete Safety Car un d'Spëtzt gesat a gouf net méi ageholl. Op d'Plazen 2 an 3 sinn déi zwee Alpine-Piloten Esteban Ocon a Pierre Gasly gefuer. Et war deemno och fir Alpine eng ganz gelonge Course.
De Lando Norris gouf hannert dem Russell an dem Leclerc de 6.. Hien ass no der 2. Safety-Car-Phas vun der Pist ofkomm an huet wäertvoll Plaze verluer. De Piastri um zweete McLaren ass op der 7. Plaz ukomm.
Am General huet de Verstappen seng Avance op den Norris op 61 Punkten ausgebaut.
Scho virum Start an der Aféierungsronn ass de Stroll vun der Streck ofkomm, esou datt d'Course 20 Minutte méi spéit wéi geplangt lassgoung. De Stroll konnt net méi matfueren.
Den Norris huet beim Start eng Plaz un de Russell verluer, de Verstappen war no enger Ronn vun der 17. op déi 10. Plaz no vir gefuer. Den Hollänner huet weider Plaz fir Plaz gutt gemaach a louch no 32 Ronnen op der 2. Plaz. Et war eng schwéier an eng nervös Course am Reen zu São Paulo, déi an der 32. Ronn huet missen ënnerbrach ginn. De Colapinto war an d'Mauer gerannt, ass awer net weider blesséiert ginn. Zu deem Ament louch den Ocon a Féierung an de Gasly war den 3.. Déi dräi éischt Piloten haten do nach kee Boxestopp hannert sech. Norris a Russell louchen op de Plaze 4 a 5.
Nom Safety Car huet de Norris e Feeler gemaach an de Russell konnt op déi 4. Plaz fueren. An der 41. Ronn ass de Sainz vun der Streck ofkomm an et gouf eng zweet Safety-Car-Phas an déi sollt decisiv sinn. Nodeems de Safety Car an d'Boxe gefuer ass huet sech de Verstappen un d'Spëtzt gesat an de Norris ass op déi 7. Plaz zréckgefall no engem Feeler. De Piastri huet säin Teamkolleeg zwar nees laanscht gelooss, weider no vir ass et fir den Norris net méi gaangen. Um Enn huet sech de Verstappen also virum Ocon an dem Gasly duerchgesat. Op d'Plaze 4 bis 6 sinn de Russell, de Leclerc an den Norris gefuer.