RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl: "Masterclass vum Max Verstappen"

© AFP
Dem Expert no huet de Verstappen net ee Feeler iwwert de ganze Weekend gemaach an huet sech dowéinst zum Schluss och verdéngt d'Victoire geholl.
10 Courssen huet de Max Verstappen misse waarden, bis hien nees ganz uewen um Podium konnt stoen. Fir d'lescht war den 23. Juni beim Grousse Präis vu Spuenien zu Barcelona. Beim Grand Prix vu Sao Paulo a Brasilien huet de Weltmeeschter am Red Bull awer op eng beandrockend Manéier d'Victoire agefuer an dobäi ass den Hollänner just vun der 17. Plaz an d'Course gaangen, dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.
"Absolutt Masterclass vum Max Verstappen dëse Weekend, net nëmme vun der Siwwenzéng op d'Eent, mä dobäi och nach déi néng séierste Ronnen, déi an der Course verzeechent gi sinn, alleguer opgeschriwwen, iwwert eng Sekonn méi séier wéi deen nächst beschten Auto. Safety-Car-Gléck hin oder hier, de Max huet se alleguer a Gronn a Buedem gefuer, huet bewisen, firwat dass hien dräifache Weltmeeschter ass. Hie war absolutt am Reen net ze stoppen. En huet dee ganze Weekend och ni e Fouss falsch gestallt. Vill anerer hu Feeler gemaach, sinn erofgerutscht, sinn an der Mauer gelant. Hien huet net eng eenzeg Kéier e Feeler gemaach. Dat do war eng absolutt Meeschterleeschtung."
Am Weltmeeschterschaftsklassement huet de Max Verstappen elo dräi Coursse viru Schluss 62 Punkten Avance op de Lando Norris am McLaren an 86 op de Charles Leclerc am Ferrari. 86 Punkte bleiwen nach ze verdeelen. De Monegass kann zanter e Sonndeg net méi Weltmeeschter ginn. Bei de Constructeure streide sech awer nach, mat McLaren, Ferrari a Red Bull, dräi Ecurien ëm d'Weltmeeschterkroun.
Dozou den RTL Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
"D'McLaren hunn déi beschte Kaarten an der Hand, si hu relativ konsistent a relativ séier Piloten, meeschtens ganz vir, awer net ëmmer. D'Ferrari ass och e bësse variabel, si waren déi lescht zwou Coursë relativ wäit vir an dann dëse Weekend net, wat allerdéngs och zum gréissten Deel un de Wiederkonditioune läit. A Red Bull dogéint kämpft u sech mat nëmmen engem Päerd, den Checo Perez, deen einfach vill ze vill onreegelméisseg ass, ze vill Feeler mécht, ze vill oft net emol an de Q3 kënnt. U sech: Red Bull kënnt just mam Max an de Max eleng geet net duer, fir kënnen eng Ophueljuegd ze starten. Dat heescht: Wa bei McLaren net grad iergend an esou eppes implodéiert, misste si u sech deen Titel kënne sécheren. Awer Ferrari ass net wäit hannendrun."
Lo huet de Formel-1-Zirkus emol dräi Woche Paus. De Weekend vum 24. November geet et dann zu Las Vegas weider an do kéint de Max Verstappen da scho fréizäiteg säi 4. WM-Titel afueren.