Sauber engagéiert Rookie – Bottas an Zhou keng Zukunft an der F1

© Audi
D’nächst Joer wäert ee weidere jonke Pilot säi F1-Debut feieren. Sauber an Audi hunn de Gabriel Bortoleto als Hülkenberg-Teamkolleg annoncéiert.
De Gabriel Bortoleto gëllt als grousst Formel-Talent. Den 20 Joer ale Brasilianer war d’lescht Joer Formel-3-Champion a läit aktuell an der Formel-2-Meeschterschaft op der éischter Plaz. Hie war bis elo McLaren-Junior, mee gouf vu McLaren fräigestallt fir mat Sauber säi F1-Debut ze feieren. Bei Sauber, déi 2026 als Audi-Wierksecurie un den Depart ginn, gëtt de Bortoleto Teamkolleg vum däitsche Pilot Nico Hülkenberg. Iwwert déi genee Dauer vum Kontrakt gouf net informéiert, mee well net nëmme Sauber mee och Audi ee Communiqué geschéckt hunn, wäert hie sécher och 2026 am Auto sëtzen.
Domadder ass och kloer, dass de Valtteri Bottas an den Zhou Guanyu Sauber verloosse wäerten. Fir béid Pilote riskéiert 2024 déi leschte Saison an der Formel 1 ze ginn. Zwar ass offiziell nach ee F1-Cockpit fir 2025 fräi, mee et ass dovunner auszegoen, dass weder Bottas nach Zhoe bei de Racing Bulls ënnert Daach kommen, an och net vun engem eventuelle Pérez-Out bei Red Bull profitéiere wäerten.
De Valtteri Bottas, de fréiere Mercedes-Teamkolleg vum Lewis Hamilton, huet an 12 Joer Formel 1 am ganzen 10 Victoire gefeiert, stoung 67 mol um Podium, an ass 20 mol vun der Pole fortgefuer. Hie war 2019 an 2020 Vize-Champion. Den Zhou Guanyu war den éischte Chines an der Formel 1, mee konnt an 3 Saisonen bei Sauber ni wierklech iwwerzeegen (12 Punkten a bis elo 65 Courssen).
Véier jonk Pilote wäerten 2025 hir éischt komplett F1-Saison fueren: Nieft dem Gabriel Bortoleto am Sauber sinn dat de Kimi Antonelli (Mercedes), den Jack Doohan (Alpine) an den Oliver Bearman (Haas).

Offiziell ass nëmmen nach bei de Racing Bulls ee Cockpit fräi. Mee bei Red Bull wackelt de Pérez. / © RTL-Grafik: