Fluchen, Bijouen an Ënnerwäsch: Sträit tëschent Piloten a FIA eskaléiert

An de leschte Woche krute Verstappen a Leclerc eng Strof, well si an der Pressekonferenz geflucht hunn. D’F1-Pilote attackéieren elo de FIA-President.
De Formel-1-Pilote geet et elo duer. Hir Gewerkschaft “Grand Prix Drivers Association” (GPDA) huet e Communiqué erausginn, an deem si de Motorsport-Weltverband FIA, an deem säi President Mohammed Bin Sulayem schaarf attackéieren. Hire Frust schéint relativ déif ze sëtzen, well d’Pilote schwätzen och Themen un, déi eigentlech schonn zwee Joer zeréckleien.
“Mir sinn erwuesse Leit”
Esou schreiwen d’Piloten, dass si grouss an al genuch wieren, dass si keng ëffentlech Rotschléi zu esou trivialen Themen wéi d’Droen vu Bijouen an Ënnerwäsch brauchen. Zur Erënnerung: 2022 gouf et wärend Wochen gréisser Diskussiounen, well d’FIA kontrolléiere wollt, dass d’Pilote weder Bijouen nach normal Ënnerwäsch unhunn. Virun allem de Lewis Hamilton war wéinst sengem Nues-Piercing an d’Viséier vun de Kommissäre geroden. De 7-fache Weltmeeschter huet missten ee Certificat vun engem Dokter virleeën, dee confirméiert huet, dass hie säi Piercing net fir all Seance ausdoe kéint.
“Fluchen a Fluchen ass zweeërlee”
Den aktuellen Ausléiser vum GPDA-Communiqué sinn zwou Strofen wéinst “schlechtem Langage”. An der Pressekonferenz beim Singapur-Grand-Prix hat de Max Verstappen d’F-Wuert benotzt, fir den Zoustand vu sengem Auto ze beschreiwen. Nodeems hien vun de Rennkommissären zu Sozialaarbecht verdonnert gouf, huet hien déi nächst Pressekonferenz boykottéiert. Dem Charles Leclerc war a Mexiko och d’F-Wuert erausgerutscht, an obwuel hie sech direkt entschëllegt huet, krut hien eng Strof vun 10’000 Euro (Hallschent dovunner op Sursis).

D’GPDA schreift dozou, dass Fluchen a Fluchen zweeërlee wier. Op der enger Säit kéint ee fluchen. fir aner Leit ze beleidegen. Op der anerer Säit kéint ee Fluch-Wierder benotzen, fir einfach d’Meteo, en Auto oder eng Situatioun um Circuit ze beschreiwen. Ouni et ausdrécklech ze schreiwen, schéinen d’Grand-Prix-Piloten der Meenung ze sinn, dass déi zweet Form vu Fluchen zum normale Liewen dozou gehéiert an och an der F1 net bestrooft sollt ginn.
“De FIA-President soll selwer op säin Toun oppassen”
Am Communiqué gëtt de FIA-President perséinlech frontal attackéiert. D’Pilote recommandéieren dem Bin Sulayem, dass hien och op säin Toun a säi Langage oppasse soll, wann hie mat de Grand-Prix-Pilote schwätzt, respektiv sech ëffentlech iwwert si äussert.
Donieft fuerdert d’Pilote-Gewerkschaft, dass si endlech informéiert gëtt, wat d’FIA mat de Geldstrofe mécht, zu deenen d’Pilote verurteelt ginn. Dës Strofe wiere souwisou vill ze vill héich, an et wier net nozevollzéien, wou déi Suen hifléisse géifen.