Verkeeft Audi Deeler vun der Ecurie Sauber un de Katar?

© AFP (Archiv)
Et gesäit op jiddwerfalls esou aus, dat mellen international Medien, ënnert anerem Motorsport-total.
2026 sollt Audi mat sengem Wierksprogramm an der Kinneksklass vum Automobilsport ufänken. Audi huet an de leschte Wochen ëmmer nees dementéiert, dat Ganzt ze verkafen, éiert et richteg lassgeet. Elo kéint et awer sinn, datt den Emirat Katar mat an d‘Ecurie eraklëmmt. Dat Ganzt kéint schonn d‘nächst Woch iwwert d‘Bün goen, heescht et.
D‘Volkswagen AG, zu där och Audi gehéiert, gouf an de leschte Woche vun enger wirtschaftlecher Kris getraff, et kéinten esouguer bis zu 30.000 Plaze bei VW ofgebaut ginn.
Audi huet am Mäerz vun dësem Joer annoncéiert, net just 75, ma 100 Prozent vun der schwäizer Ecurie Sauber ze iwwerhuelen. Wat d‘Rumeuren elo mam Emirat Katar uginn, heescht et vun Audi, datt ee keng Gerüchter géif kommentéieren. Katar huet ënnert anerem och scho 17 Prozent bei der Volkswagen AG.