Alpine vun 2026 u mat Mercedes Motor a Boîte

Ufank Oktober war et d'Annonce vum Mammenhaus Renault, datt een da keng Motore méi fir seng Sportsmarque géif hierstellen.
Dat war bei ville Leit aus der Renault-Famill net gutt ukomm. Et gouf du scho spekuléiert, datt Alpine seng Motoren da vu Mercedes géif kréien. Lo ass et also offiziell. Nieft der sougenannter „Power Unit“ kritt d‘franséisch-brittesch Ecurie dann och nach d‘Boîte vu Mercedes geliwwert. De Kontrakt tëscht deenen Zwee geet vun 2026, wann déi nei Autoen a Motore kommen, bis op d'mannst 2030.
Ënnert dem ale Reglement fiert Alpine d‘Saisonen 2025 awer nach mam Renault-Motor.
Renault war 1977 mat de legendären Turbomotoren an d’Formel 1 komm. Den Däitsche Sebastian Vettel ass dee leschte Weltmeeschter mat engem Renault-Motor an dat mat Red Bull an de Joren 2010 bis 2013. Vun 2014 un hunn d‘franséisch Motoren an der Hybrid-Ära den Uschloss un d‘Konkurrenz verluer.
Am Ganze goufe bis elo an 43 Saisone 741 Grand Prixe mat engem Renault-Motor gefuer, dobäi goufen et 169 Victoiren, 213 Mol d'Pole Position, 12 WM-Titele bei de Constructeuren an 11 bei de Piloten.