Wéi de Motorsport-Weltverband FIA matdeelt, huet den Däitschen Niels Wittich eng nei berufflech Erausfuerderung ugeholl.

Scho beim Las-Vegas-Grand-Prix an 10 Deeg iwwerhëlt de Rui Marques. De Portugis war an der Lescht Renndirekter an der Formel 2 an an der Formel 3.
 
An der Saison 2022 hat de Wittich, zesumme mam Eduardo Freitas, d‘Successioun vum Michael Masi als Renndirekter vun der Formel 1 iwwerholl. Den Australier war 2021 nach Renndirekter bei der ëmstriddener leschter Course zu Abu Dhabi, bei där der Max Verstappen um Red Bull déi éischte Kéier Weltmeeschter gouf, an de Lewis Hamilton a Mercedes sech an der Schlussphas ongerecht behandelt gefillt hunn.
 
Den 52 Joer ale Wittich huet am Laf vun der Saison 2022 dunn de Poste vum Renndirekter eleng iwwerholl, dat war vum Grousse Präis vun Austin un. D'FIA huet um Dënschdeg an hirem Statement geschriwwen:

"Den Niels Wittich huet seng sëllegen Aufgaben als Renndirekter mat Professionalitéit an Asaz erfëllt. Mir soen him Merci a wënschen him dat Bescht fir seng Zukunft.“