2025 feiert d'Formel 1 hire 75. Anniversaire. Dofir gëtt déi nei Saison am Februar mat engem eemolegen Event zu London lancéiert.

Dat gouf et an der Formel 1 nach ni. Alleguer d’Ecurien, d’Teamcheffen an d’Pilote kommen op enger Plaz zesummen, fir de Start an déi nei Saison ze zelebréieren. Rendez-vous ass den 18. Februar 2025 an der O2-Arena zu London. Allen zéng F1-Teams hunn zougesot, bei deem "Launch Event" hire Look fir déi nei Saison ze presentéieren. 
 
D'Fans si bei dëser Show wëllkomm. De Virverkaf vun den Ticketen (tëschent 58 an 113 brittesch Pond) fänkt dëse Freideg um 11 Auer eiser Zäit op der Homepage vun der O2-Arena un.
 
Versprach gi wuelverstanen nëmmen déi nei "Liveries" vun den Autoen, also d'Lackéierungen. Et ass dovunner auszegoen, dass d'Ecurien hir richteg nei Autoen net mat op London bréngen, mee warscheinlech nëmmen en Auto vun dësem Joer ëmdekoréieren. Déi nei Konstruktioune wäerte fréistens Enn Februar bei den offiziellen F1-Tester gewise ginn (26. bis 28. Februar am Bahrain). 
 
Déi nei Saison fänkt iwwregens de 14. Mäerz mam éischte fräien Training zu Melbourne un. De Grousse Präis vun Australien mécht déi éischte Kéier zënter 2019 erëm den Optakt vun enger F1-Saison. Och d'nächst Joer iwwerdréit RTL Lëtzebuerg d'Formel 1.