Formel 1
Monaco bis 2031 confirméiert

De Grousse Präis vu Monaco bleift bis 2031 am Kalenner vun der Formel 1. De Kontrakt gouf fréizäiteg verlängert.
Monaco hat nach e Kontrakt bis 2025 inclus.
Allerdéngs kënnt et zu engem Changement. D'nächst Saison bleift d’Course beim traditionelle Rendez-vous am Mee (23.-25.).
D'Kinneksklass vum Automobilsport feiert d'nächst Saison hire 75. Anniversaire an do wollten déi Responsabel net un den Datum fréckele goen, well Monaco beim Start vun der offizieller Formel-1-Weltmeeschterschaft am Joer 1950 Deel vum Kalenner war.
Vun 2026 u gëtt um legendäre Stroossecircuit am Juni gefuer. Monaco kritt domat eng nei Platz am Kalenner.
Am meeschte gelies