De Max Verstappen huet zu Las Vegas Matchball. Wéi kann hie fréizäiteg säi véierten Titel feieren? Oder wéi kann de Lando Norris dat nach evitéieren?

De Max Verstappen steet kuerz virdrun, säi véierte Weltmeeschtertitel hannerteneen ze feieren. Esouvill Titel um Stéck hunn an der F1-Geschicht bis elo nëmme véier Pilote kënne feieren an zwar de Juan Manuel Fangio (1954-1957), de Michael Schumacher (2000-2004, also esouguer 5x), de Sebastian Vettel (2010-2013) an de Lewis Hamilton (2017-2020). 
 
De Max Verstappen wier och eréischt dee sechste Pilot, deen iwwerhaapt véier F1-Titel sammele kéint. Rekord-Weltmeeschter sinn nach ëmmer de Michael Schumacher an de Lewis Hamilton mat siwen Titelen. De Fangio war am ganze fënnefmol Weltmeeschter an den Alain Prost an de Sebastian Vettel konnte sech allebéid véiermol d’F1-Kroun opsetzen.
 
Mee wéi muss de Grand-Prix vu Las Vegas ausgoen, dass d’Course an der "Sin City" wierklech eng grouss Verstappen-Party gëtt? Mir hunn nogerechent.

Verstappen oder Norris? En Duell ëm den Titel

An der F1-Saison 2024 bleiwen nach dräi Weekender ze fueren, dovunner ee Sprint-Weekend. Dat heescht, dass d’Piloten nach maximal 86 Punkte sammele kënnen (3 Victoiren à 25 Punkten, 3 séierst Ronnen à 1 Punkt, an eng Sprint-Victoire à 8 Punkten).

An der Tabell huet de Max Verstappen dräi Coursse viru Schluss 62 Punkten Avance op de Lando Norris a 86 Punkte Virsprong op de Charles Lerclerc.

Punkteméisseg kéint de Ferrari-Pilot also nach mam Verstappen gläichzéien. An deem Fall géif d'Zuel vun de Victoiren dës Saison decidéieren. De Leclerc huet bis ewell 3 Coursse gewonnen. Esouguer am beschte Fall géif hien nëmmen op 6 Victoirë kommen. De Verstappen läit no senger Brasilien-Demonstratioun elo scho bei 8 Victoiren. Domadder ass de Monegass also aus der Course ëm den Titel eraus an et kommen nëmmen nach zwee Piloten a Fro: Verstappen an Norris.

Déi einfach Rechnung: Verstappen virun Norris

No Las Vegas ginn nach maximal 60 Punkte verdeelt. Dat heescht, de Verstappen gëtt fréizäiteg Weltmeeschter, wann hien um Enn vum Vegas-Weekend minimum 60 Punkten Avance op den Norris huet. Bei Ex-Aecqo ass den Norris iwwregens an der selwechter Situatioun wéi de Leclerc. Och de McLaren-Pilot huet bis elo eréischt dräimol dës Saison gewonnen a kann déi 8 Victoire vum Verstappen net méi schloen.

Wann de Verstappen zu Las Vegas virum Norris iwwer d’Arrivée fiert, ganz onofhängeg vun de Positiounen, kann hie seng Avance vun 62 Punkten esouguer weider ausbauen. Wann de Verstappen den Norris um Las Vegas Strip klappt, ass den Hollänner fréizäiteg Weltmeeschter.

E bësse méi komplizéiert: Norris viru Verstappen

Wann den Norris eng kleng Chance op den Titel behale wëll, muss hien dofir suergen, dass d'Verstappen-Avance vun 62 op maximal 59 Punkte schmëlzt. Oder aneschters formuléiert: de McLaren-Pilot muss zu Las Vegas minimum 3 Punkte méi sammele wéi säi Red-Bull-Konkurrent.

Déi einfachste Méiglechkeet fir de Verstappen-Matchball ofzewieren, wier eng Norris-Victoire. Da wier d'Decisioun sécher reportéiert. Fir all déi aner Zenarien, wou den Norris virum Verstappen iwwert de wäisse Stréch fiert, spillen déi genee Positiounen an de Bonuspunkt fir déi séierst Ronn eng decisiv Roll.

En Iwwerbléck iwwer d'Zenarien, wou den Norris de WM-Kampf nach oppen hale kann:

  • Norris P1, Resultat Verstappen egal
  • Norris P2, Verstappen P3 ouni séierst Ronn oder méi schlecht
  • Norris P3, Verstappen P4 ouni séierst Ronn oder méi schlecht
  • Norris P4 mat séierster Ronn, Verstappen P5 oder méi schlecht
  • Norris P4 ouni séierst Ronn oder P5 mat séierster Ronn, Verstappen P6 oder méi schlecht
  • Norris P5 ouni séierst Ronn oder P6 mat séierster Ronn, Verstappen P7 oder méi schlecht
  • Norris P6 ouni séierst Ronn oder P7 mat séierster Ronn, Verstappen P8 oder méi schlecht
  • Norris P7 ouni séierst Ronn oder P8 mat séierster Ronn, Veratappen P9 oder méi schlecht
  • Norris P8 ouni séierst Ronn, Verstappen P10 ouni séierst Ronn oder méi schlecht
  • Norris P9 mat séierster Ronn, Verstappen net an de Punkten

Wann den Norris nëmmen zwee Punkten oder manner sammelt (also P9 ouni séierst Ronn oder P10), kann de Verstappen esouguer mat engem Ausfall oder engem Resultat ausserhalb vun de Punkte fréizäiteg Weltmeeschter ginn.