Pilote-WM decidéiert sech zu Las Vegas "tëscht dem Max an dem Lando"

De Lando Norris an de Max Verstappen / © AFP
"Viva Las Vegas"! No 3 Woche Paus geet d'Formel 1 elo an déi decisiv Schlussphas mat engem sougenannten "Triple Header".
Dat heescht: 3 Course-Weekender hannerteneen. Lo ass de Formel-1-Zirkus zu Las Vegas an do kéint d'Decisioun ëm d'Weltmeeschterschaft bei de Pilote scho falen.
Den Duell Max Verstappen op Red Bull géint Lando Norris op McLaren hat sech an de leschte Méint ëmmer méi zougespëtzt. Beim leschte Grand Prix virun dräi Wochen a Brasilien huet de Verstappen mat enger Victoire bei der Reecourse vun Interlagos, bei där hie vun der siwwenzéngter Plaz fortgefuer ass, awer op eng impressionnant Aart a Weis fir säi Matchball gesuergt. Lo, an der Stad vun der Sënn, kéint de Weltmeeschter säi véierte Weltmeeschter-Titel afueren, dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominic Riefstal.
"Fir mech entscheet sech déi Fuerer-WM net eréischt e Sonndeg, mee déi Saach entwéckelt sech am Laf vum Weekend tëscht dem Max an dem Lando. Deen, deen nach déi meescht Seancen notzt, fir ze léieren, säin Auto anzestellen, Pneuen opzepassen, de ganze Setup ze profinéieren, wäert herno d'Nues vir hunn."
Dräi Coursse viru Schluss huet de Max Verstappen 62 Punkten Avance op den Norris, 86 Punkte bleiwen nach ze verdeelen. Et ginn eng ganz Rei Zenarien, bei deenen een d'Rechemaschinn misst eraushuelen. Déi einfachst sinn, de Verstappen brauch just virum Norris ze sinn, wann de McLaren-Pilot awer eng fréizäiteg Decisioun wéilt verhënneren, da muss hien op d'mannst dräi Punkte méi kréie wéi den Hollänner. Wat d'Victoire zu Las Vegas ugeet, kéint awer virun allem nach eng aner Ecurie méi en haart Wuert matschwätzen.
"Las Vegas, mat senge laange Riichten a senge kuerze Kéiere brauch u sech en effizienten Auto, dat ass eppes, wat dem Ferrari misst entgéintkommen, do misst déi kënne glänzen, allerdéngs ass et Nuetsgefuers, nuets bei eestellegen Temperaturwäerter, glatem Makadamm, an dat sprécht net dofir, fir seng Pneue séier waarm ze fueren, an dat ass de Problem vun deem Ferrari, deementspriechend denken ech, dass McLaren a Red Bull am Qualifying wäerten d’Nues vir hunn, de Ferrari an der Course awer dee séiersten Auto misst sinn."
Et ass also eréischt déi zweete Kéier, datt um 6,2 Kilometer laange Las-Vegas-Strip-Circuit gefuer gëtt, do hunn d'Ecurië jo elo kloer méi reell Donnéeë wéi nach bei der Première virun engem Joer, sou de fréiere Formel-1-Ingenieur.
"Richteg Donnéeën, déi vum Circuit kommen, sinn natierlech ëmmer méi wäertvoll wéi Donnéeën, déi reng aus den Zeechnunge respektiv vu Biller kommen. Fir d'Ecurien alleguer ass natierlech d'Course vu Las Vegas d'lescht Joer en exzellenten Input fir d'Simulatioune vun dësem Joer. D'Donnéeë si vill méi reell. Et egaliséiert och wëssend d'Chancen tëscht deene klengen Ecurien an deene groussen Ecurien."
An deene leschten dräi Wochen haten all d'Leit aus dem Formel-1-Zirkus Zäit, fir d'Batterien nees opzelueden. D'Piloten hunn déi lescht dräi Coursse vun der Saison dann och elo am Simulator preparéiert. D'Kräfteverhältnis tëscht Ferrari, McLaren a Red Bull hu vu Weekend zu Weekend ëmmer nees geännert, sou datt do sécherlech eng ganz genee Analys gemaach gouf. Virun engem Joer huet sech Red Bull zu Las Vegas nach am beschte geschloen. De Max Verstappen stoung ganz uewen um Podium, virum Charles Leclerc op Ferrari an dem zweete Red-Bull-Pilot Sergio Perez. Wann d'Course e Sonndeg de Moie mat Depart um siwen Auer europäescher Zäit esou ausgeet, dann ass de Max Verstappen eng véierte Kéier noenee Formel-1-Weltmeeschter.
A wéi de Weekend verleeft, kënnt Dir natierlech nees op RTL Lëtzebuerg kucken. Den drëtte Fräien Training ass an der Nuecht um 3.30 Auer op RTL.lu ze gesinn. D'Qualifikatioun e Samschdeg de Moien um 7 Auer an de Grand Prix mam Virprogramm e Sonndeg de Moien um 6.30 Auer sinn dann och op Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE ze gesinn.