George Russell steet zu Las Vegas op der Pole

© AFP
Ferrari geet eng staark Leeschtung am Qualifying net duer. De Verstappen start viru sengem Kontrahent Norris. De Perez huet nees e schwaarzen Dag erwëscht.
An der Sin City am US-Bundesstaat Nevada ass den George Russell am Qualifiying déi séierst Zäit gefuer. Hie war och am Q1 a Q2 ganz vir dobäi. Am leschten Tour war et e richtege Kampf tëscht de Ferrari-Piloten an dem Russell: Ferrari hat virgeluecht, de Russell konnt zeréckschloen.
Hannert dem Russell, deen eng 3. Kéier vun der Pole Position an d'Course geet, stinn de Carlos Sainz, e bëssen iwwerraschend de Pierre Gasly an de Charles Leclerc. De Weltmeeschter Max Verstappen start vu Plaz 5 an domat viru sengem Kontrahent ëm d'Meeschterkroun Lando Norris (Plaz 6). Hannendru stinn den Tsunoda, de Piastri an den Hülkenberg. De Lewis Hamilton konnt keng wierklech séier Ronn an de Makadamm brennen.
De Q2 goung mat engem Accident vum Franco Colapinto op en Enn, dee säin Auto am leschten Tour an d'Leitplank gesat hat. Wéinst de ville Stécker um Circuit huet et laang gedauert, bis de Q3 ufänke konnt. D'Resultat vum Q2 war keng gréisser Iwwerraschung, well mat Ocon, Magnussen, Zhou, Colapinto a Lawson déi üblech Verdächteg eliminéiert goufen.
D'Katastrophesaison vum Sergio Perez hëlt keen Enn. De Mexikaner gouf schonn déi 6. Kéier an dëser Saison am Q1 eliminéiert a start vun der 16. Positioun. Him hu just 7 Honnertstel op de Liam Lawson gefeelt. Och fir Aston Martin war d'Qualifikatioun séier eriwwer. De Fernando Alonso huet net den néidege Grip um Strip vu Las Vegas fonnt a start hannert dem Red-Bull-Pilot. Säin Teamkolleeg Lance Stroll ass souguer déi luest Zäit gefuer.
Trotzdeem wäert de Valtteri Bottas e Sonndeg vun der leschter Plaz starten, well hien eng Strof vu 5 Plaze wéinst Iwwerschreide vun der maximaler Unzuel u Batterië krut.