An der Formel 1 konnt sech de Max Verstappen dräi Coursse viru Schluss déi 4. Kéier d'Weltmeeschter-Kroun opdoen.

De Red Bull Pilot ass beim Grousse Präis vu Las Vegas als Fënneften, viru sengem nach eenzegen Challenger am WM-Klassement, dem Lando Norris op McLaren, deen de Sechste gouf, iwwert d'Arrivée gefuer. Dat ass dem 27 Joer alen Hollänner duergaangen, fir elo an engem ganz illustere Krees ze sinn, nämlech deem, véier mol hannertenee Formel-1-Weltmeeschter ginn ze sinn. Dat war virdru just dem Lewis Hamilton, dem Sebastian Vettel, dem Michael Schumacher an dem Juan Manuel Fangio gegléckt. Fir den RTL Formel-1-Expert Dominique Riefstahl geet den Ausgang vun der Saison am WM-Klassement bei de Piloten esou an d'Rei:

Den Dominique Riefstahl iwwert d'Saison vum Max Verstappen.

"De Max ka mat extreemer Zefriddenheet op déi Saison zréckkucken. Vill Leit soen, an engem iwwerleeënen Auto kann all Mënsch Weltmeeschter ginn. Hien huet bewisen, datt hien et och an engem ënnerleeënen Auto ka maachen. De Lando Norris, op där anerer Säit, hat laang Deeler vun der Saison den iwwerleeënen Auto an huet dat net kënnen ëmsetzen. En huet oft an der Vergaangenheet de Lewis Hamilton kritiséiert a gesot, jo, mat deem Auto ass et einfach Weltmeeschter ze ginn. Elo hat e selwer d' Positioun an huet et net kënnen ëmsetzen. Dat seet och vill aus. 
 
Dëse Weekend geet et scho weider mam zweetleschte Grand Prix, dem Grouss Präis vum Qatar. Bei de Constructeuren ass d'Weltmeeschterschaft nach net decidéiert. McLaren huet un der Spëtzt just nach 24 Punkten Avance op den Zweete Ferrari. Red Bull huet als Drëtten e Retard vun 53 Punkten.