De Fils vum Rekordweltmeeschter Michael Schumacher goung bei 43 Grand Prixen un den Depart.

De Mick Schumacher ass vun der nächster Saison u kee Reservepilot vu Mercedes méi. Dës Nouvelle huet d’Ecurie mam Stär virun der zweetleschter Course vun der Saison, dem Grousse Präis vum Katar, matgedeelt. De Kontrakt gouf net opgeléist, den däitsche Pilot huet selwer decidéiert, säi Posten opzeginn.
 
"Ech sinn dem Toto an dem ganze Mercedes-AMG PETRONAS F1 Team dankbar fir d'Abléck, déi ech an de leschten zwee Joer kritt hunn. Si hu mech ouni Zweiwel zu engem méi erfuerene Pilot gemaach, well ech déi technesch Säit besser kennegeléiert hunn. Et ass awer schwiereg, Courssen ze kucken, ouni am Cockpit ze sëtzen. Ech wëll mech erëm 100 Prozent op d‘Coursse konzentréieren.", erkläert de Mick Schumacher.
 
An der Formel 1 ass de fréieren Haas-Pilot bei 43 Grand Prixen un den Depart gaangen. Am Ganze konnt hien 12 Punkte sammelen. De Mick Schumacher ass, nieft senger Aarbecht als Reservepilot vu Mercedes, dëst Saison an der Laangstreckeweltmeeschterschaft fir Alpine gefuer. Säi gréisste Succès war e Podium zesumme mam Nicolas Lapierre a Matthieu Vaxiviere bei de 6 Stonne vu Fuji a Japan. Beim Highlight vun der Saison, de 24 Stonne vun Le Mans, huet hien d’Arrivée net gesinn. Nächst Saison fiert hien eng weider Saison fir Alpine. Hie gouf en Donneschdeg offiziell confirméiert.
 
"Souwuel a senger Zäit an der Formel 1 wéi och dëst Joer a sengen Optrëtter an der Laangstreckeweltmeeschterschaft hu mir gesinn, datt hien e Pilot vun onheemlechem Kaliber ass, deen et verdéngt, an deene beschte Meeschterschaften unzetrieden. Ech wënschen him alles Guddes fir d'Suite vu senger Karriär. Ech soen dem Mick perséinlech Merci fir säin Asaz fir eis Ekipp a mir wënschen him nëmmen dat Bescht fir seng Zukunft.", seet den Toto Wolff.
 
Et lafe Rumeuren, dass eventuell de Valtteri Bottas säi Comeback bei Mercedes als drëtte Pilot kéint feieren. De Finn krut säi Kontrakt bei Sauber fir d'nächst Saison jo net verlängert.