Zwou Coursen sinn nach ze fueren, nodeems de Max Verstappen eng véierte Kéier Formel-1-Weltmeeschter ginn ass.

Weider geet et mam Grousse Präis vum Katar. Et ass e Sprint-Weekend. Den Jetlag fir de ganze Formel-1-Zirkus an d'Konstrukteursweltmeeschterschaft stinn an de nächsten Deeg am Mëttelpunkt.

Virschau op de Grousse Präis vum Katar / Franky Hippert

Virun enger Woch war een nach ganz am Weste vun den USA, lo ass ee quasi op där anerer Säit vun der Welt am Katar. An dat bannent nëmmen e puer Deeg, gëtt RTL -Formel -1 -Expert Dominique Riefstahl ze bedenken

"Las Vegas bis eriwwer an de Katar, dat sinn 12 Stonnen. Biologesch gesinn, brauch ee sechs Deeg, fir déi ze iwwerwannen a sech ugepasst ze hunn. Dat heescht, wann Donneschdes de Rennweekend per se ufänkt, sinn d'Leit nach net ganz akklimatiséiert. Dat spillt mat den Nerven, dat spillt mam Jetlag, dat spillt e bësse mat der Laun. Do sinn awer d'Leit sech och däers bewosst a wëssen dann entspriechend een deen aneren - ech soen emol - e bësse méi feinfüleg unzepaken an dann dee Weekend bescht méiglech iwwert d'Ronnen ze bréngen."
 
D'Weltmeeschterschaft bei de Piloten ass zanter dem leschte Sonndeg also decidéiert. De McLaren-Pilot Lando Norris kann den alen an neie Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull net méi afänken. Bei de Constructeure kommen awer zwou Coursë viru Schluss mat McLaren, Ferrari a Red Bull nach dräi Ecurien a Fro.

"Vue, dass de Bonus beim Personal vun der Constructeursmeeschterschaft ofhänkt, gëtt do natierlech gepusht bis zum Enn, et ass natierlech och esou, dass de Fuerertitel net onwichteg ass, an dat ass och eng gewëssen Erliichterung, gläichzäiteg och eng Motivatioun, fir nach eng Kéier weider ze pushen, mee dat wat zielt ass herno d'Constructeursmeeschterschaft an den Ënnerstinn tëscht enger éischter an enger zweeter oder drëtter Plaz ass relativ grouss. Dofir: do lount et sech nach eng Kéier richteg, alles ze ginn."

Déi dräi Ecurië wäerte sech dann elo op dësem Sprintweekend am Katar och ëm d' Victoire streiden, mat engem liichte Favorit:

"Katar ass e Circuit mat lauter Kéieren am mëttleren an am héije Vitesseberäich. De mëttlere Vitesseberäich ass McLaren hier stäerkt. Den héije Vitesseberäich ass Red Bull hier stäerkt. Ferrari ass ok a béide Beräicher, awer bei kengem onbedéngt top. Dat heescht, déi dräi wäerten dat ënner sech ausmaachen. A Mercedes gesinn ech do guer net méi am Spill dobäi, well dat erëm eng Kéier e Circuit ass, wou d'Temperaturen héich sinn a wou bei hinnen d'Pneuen iwwerhëtze wäerten a si erëm zréckfalen. Fir mech de Moment géif ech soen, de McLaren huet déi beschte Chancen, knapp hannendru Red Bull a Ferrari vläicht éischter e ganz klengt Stéck méi ofgeschoss."
 
Dës Saison ass d'Course am Katar an den November geluecht ginn, zejoert war et Ufank Oktober nach extrem waarm, souguer owes. Dat war awer net den Haaptgrond, firwat Pilote wéi de Logan Sargent oder den Esteban Ocon iwwer hir physesch Limitt hu misse goen. Dozou den RTL -Formel -1 -Expert Dominique Riefstahl:

"De Fakt, dass Pirelli gesot huet: 'du däerfs nëmmen 20 Ronnen an engem Stint fueren'. Aus Angscht virun de Pneuen, ass dat wat gemaach gëtt, dass d'Piloten déi Stinten dann effektiv voll gefuer sinn an doduerch Mol eng Kéier erëm eng ganz Course am Quali-Modus, dat heescht, mat absolutt Vollgas gefuer sinn. Dat si se säit 2011 net méi. Säit d'Pirellipneuen do sinn, sinn d'Pilote gewinnt, an der Course richteg op Zéiwespëtzen oder wéi op réien Eeër mat hire Pneuen ëmzegoen. Elo si se eng ganz Course emol eng Kéier gefuer am vollen Attack-Modus an dat kënne se einfach nëmmen. Mee dat si se net méi gewinnt. Kloer Jo, Temperaturen iwwer 30 Grad maachen dat Ganzt dann nach eng Kéier kierperlech méi schwéier, mee dat war net ausschlaggebend."
 
D’lescht Saison konnt sech de Max Verstappen virun deenen zwee McLaren-Piloten Oscar Piastri a Lando Norris duerchsetzen. Dëst Joer dierft et fir de véierfache Weltmeeschter awer e bësse méi schwéier ginn, dee Succès ze widderhuelen.
 
Dir kënnt dat Ganzt nees op RTL Lëtzebuerg suivéieren. Lass geet et e Freideg de Mëtteg um 14.30 Auer mam fräien Training op rtl.lu. Owes um 18.30 Auer ass dann d'Sprint-Qualifikatioun och op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee ze gesinn. E Samschdeg fänkt d'Sprintcourse mëttes um 15 Auer un. D'Qualifikatioun fir de Grand Prix ass dann owes um 19 Auer. Déi fënnef Rout Luuchte beim Grousse Präis vum Qatar ginn e Sonndeg am Nomëtteg um 17 Auer aus. De Virprogramm fänkt um 16.15 Auer un.