Lando Norris geet vun der 1. Plaz an de Sprint

© AFP
De Britt huet sech e Freideg den Owend am Sprint Qualifying virum George Russell an dem Oscar Piastri behaapt.
E Freideg ass am Katar de leschte Sprint-Weekend vun der Formel-1-Saison un den Depart gaangen. Am Qualifying fir de Sprint e Samschdeg konnt sech de Lando Norris déi éischt Plaz virum George Russell an dem Oscar Piastri sécheren.
Am SQ1 gouf et fir de Sergio Perez eng weider grouss Enttäuschung. Fir de Red-Bull-Pilot ass et duerch eng 16. Plaz net méi weider gaangen. Hannendrun hunn et och de Yuki Tsunoda, den Esteban Ocon, de Guanyu Zhou an de Franco Colapinto net an den SQ2 gepackt.
Hei waren et dann de Fernando Alonso, Alexander Albon, Valtteri Bottas, Lance Stroll a Kevin Magnussen op de Plaze 15 bis 11, déi et net mat Zäiten ënnert déi bescht Zéng gepackt hunn.
Am decisiven SQ3 stoung dogéint iwwerraschend de Liam Lawson vun der Ecurie Visa Cash App RB. Um Enn hu rëm Honnertstel den Ënnerscheet gemaach, duerch déi de Lando Norris sech virun den George Russell an den Oscar Piastri setze konnt. De frësche Weltmeeschter Max Verstappen ass op déi 6. Plaz gefuer.
De Sprint kënnt Dir e Samschdeg vu 14.45 Auer un op RTL ZWEE, am Stream op RTL.lu oder op RTL Play suivéieren.