De McLaren Pilot war op der Zillinn vu sengem Teamkolleeg Lando Norris laanschtgelooss ginn. Déi drëtt Plaz war fir den George Russell.

Den Oscar Piastri huet sech am Katar déi lescht Sprint-Victoire vun der Saison geséchert an domat fir seng Ecurie McLaren weider wichteg Punkten an der Lutte ëm d'Klassement vun de Constructeure gesammelt. Déi zweet Plaz war fir den Teamkolleeg Lando Norris, deen de ganze Sprint iwwer un der Spëtzt louch, am leschte Moment dann awer de Piastri laanschtfuere gelooss huet. Hannendrun huet den George Russell et mat enger Rei Attacke probéiert, de Wee laanscht ze fannen, muss sech um Enn awer mat der drëtter Plaz zefridde ginn.

Béid Ferrari-Piloten hunn de Sprint op de Plaze 4 a 5 ofgeschloss a musse sech deemno schonn e Sonndeg an der Course géint d'Ecurie vu McLaren am WM-Klassement vun de Constructeure geschloe ginn.

De Qualifying fir d'Course kënnt Dir e Samschdeg den Owend live vun 18.55 Auer un op RTL ZWEE oder am Stream op RTL.lu an RTL Play suivéieren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2024

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

© RTL