Victoire fir de Max Verstappen, Duell tëscht McLaren a Ferrari bleift oppen
Duerch eng Strof konnt de Lando Norris nëmmen ee Punkt fir seng Ecurie sammelen, woumat d'Decisioun am Constructeursklassement réischt zu Abu Dhabi fält.
E Sonndeg huet sech beim Grousse Präis vum Katar de Max Verstappen d'Victoire virum Charles Leclerc an dem Oscar Piastri geséchert. Mam Franco Colapinto, Esteban Ocon, Lance Stroll, Sergio Perez an Nico Hülkenberg ware fënnef Piloten d'Course net op en Enn gefuer.
Obwuel de Max Verstappen am Qualifying e Samschdeg déi séierste Ronn gefuer war, ass de Red-Bull-Pilot net vun der Pole Position gestart. Nodréiglech gouf hien op déi zweet Startplaz hannert den George Russell gesat, dat well den Hollänner de Mercedes-Pilot behënnert hat. Dës Strof hat allerdéngs net vill Gewiicht, well sech de frësche Weltmeeschter schonn direkt nom Depart rëm laanscht de Russell un d'Spëtzt setze konnt. Och de Lando Norris konnt sech direkt laanscht drécken an déi zweet Plaz kropen.
Schonn no der éischter Kéier war dann och de Safety Car direkt eng éischte Kéier am Asaz, nodeems sech de Franco Colapinto an den Esteban Ocon duerch eng Kollisioun fréi eliminéiert hunn. Och fir de Lance Stroll war e puer Ronne méi spéit no Problemer mam Auto fréizäiteg Schluss.
An der zweeter Hallschent vun der Course gouf d'Feld dann e bëssen duerchgemëscht. Ënnert anerem ass et fir de Sergio Perez net méi weidergaangen an de Lando Norris huet duerch eng 10-Sekonne-Strof seng Chancen op eng Plaz an den Top10 missen op d'Säit leeën.
Eenzeg un der Spëtzt huet een en onverännert Gesiicht gesinn. De Max Verstappen krut sech bis an déi 57. Ronn eran op der 1. Plaz gehalen a wënnt de Grousse Präis vum Katar um Enn virum Charles Leclerc an dem Oscar Piastri. De Polesetter George Russell huet de Podium mat der véierter Plaz verpasst. Duerch d'Strof vum Norris an de gesammelte Punkte vun den zwee Ferrari-Piloten, bleift d'Decisioun ëm d'Victoire am Constructeurs-Klassement bis an déi lescht Course vun der Saison oppen. Dës gëtt den 8. Dezember zu Abu Dhabi gefuer.