Jack Doohan ersetzt den Esteban Ocon bei Alpine schonn zu Abu Dhabi

© AFP
Dat huet déi franséisch-brittesch Ecurie e Méindeg de Moien an engem Communiqué matgedeelt.
Den Jack Doohan fiert déi lescht Course vun der Formel-1-Saison zu Abu Dhabi bei Alpine amplaz vum Esteban Ocon. Am Communiqué vun der franséisch-brittescher Ecurie heescht et, datt dëst dem Ocon erlaabt, fir bei den Tester, no der Saison um Circuit vun Yas Marina, schonn am Auto vu senger neier Ecurie Haas ze sëtzen.
Dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
"Dass e Pilot, deen d'Ecurie wiesselt, esou fréi wéi méiglech wëll an der neier Struktur sëtzen an den neien Auto fueren, ass normal, do ginn d'Ecurië sech an der Reegel à l’amiable eens, wéi se dat handhaben a ganz oft erlabe se effektiv hirem Pilot, am Test no der leschter Course effektiv scho fir déi nei Ecurie ze fueren an derbäi ze sinn. Et ginn aner Fäll - de Lewis Hamilton dëst Joer ass e Beispill - wou d'Ecurië ganz kloer soen: 'Bis zum leschte Kalennerdag vun dësem Joer sëtz du a kengem aneren Auto aus kontraktuellen Obligatiounen'. Och dat ass net anormal, dat gehéiert dozou. Wat wierklech onerwaart ass an onüblech, ass e Pilot, deen déi lescht Course net fiert, fir dann do scho sengem Nofollger Plaz ze maachen."
Dem Dominique Riefstahl no huet Alpine dem Jack Doohan dës Geleeënheet wëlle ginn, fir datt de Fils vun der Motorradlegend Mick Doohan scho virun der neier Saison éischt Course-Erfarung an engem Formel-1-Auto ka sammelen.
An de leschte Wochen hat sech schonn ugedeit, datt de Fransous sech net méi esou wuel bei senger aktueller Ecurie gespuert huet. Den Ocon huet sech anscheinend benodeelegt gefillt par-rapport zu sengem Equipier Pierre Gasly.
Den Jack Doohan war bis elo Reserve-Pilot bei Alpine. Zanter August ass gewosst, datt den 21 Joer alen Australier, Bouf vun der Motorrad-Legend Mick Doohan, déi nächst Saison nieft dem Gasly, Stammpilot bei der Ecurie vun Enstone ass.
Den 28 Joer alen Ocon ass 89 Grand Prixe fir Alpine a 17 fir Renault gefuer. Säi gréisste Succès an deem Auto ass d‘Victoire 2021 beim Grousse Präis vun Ungarn zu Budapest. D‘nächst Saison fiert den Esteban Ocon, nieft dem Oliver Bearman, bei der amerikanescher Ecurie Haas.