De Max Verstappen wäert nëmmen nach zweemol an de Genoss vun enger Heemcourse kommen. Zandvoort huet säin F1-Kontrakt nëmme bis 2026 verlängert.

2026 ass definitiv Schluss. Zandvoort stoung nach bis Enn 2025 am F1-Kalenner. Dee Kontrakt gouf elo ausdrécklech nëmmen ëm ee Joer verlängert. Den hollänneschen Organisateur, eng Privatfirma ouni gréisser staatlech Subsiden, koum zur Conclusioun, dass et finanziell ze riskant wier, fir sech iwwer 2026 eraus ze engagéieren. 
 
Rumeuren iwwer d’Zukunft vum Grousse Präis vun Holland gouf et scho méi laang. Dës Course ass 2021 wéinst dem extreme Verstappen-Boom an den F1-Kalenner gerutscht. D’”Orange Army” huet dann och fir voll Tribünen an eng eemoleg Ambiance gesuergt. Mee schonn dëst Joer, wéi den hollänneschen Nationalheld net méi esou dominéiert huet, waren d’Zuschauerzuele scho liicht réckleefeg. Op der anerer Säit ass d’Formel 1 an enger gudder Verhandlungspositioun. 
 
Ëmmer méi Länner wëllen an den F1-Kalenner an hir Regierunge si bereet, dofir vill Suen op den Dësch ze leeën. Den Drock op europäesch Organisateure wiisst. Dofir gouf déi lescht Wochen och diskutéiert, dass Spa a Zandvoort sech an Zukunft sollen ofwiesselen. Dat war fir d’Hollänner awer keng Optioun. Zandvoort fäert, dass si spéitstens bei engem méigleche Verstappen-Récktrëtt d’Enner net méi beienee kréien. De mëttlerweil véierfache Weltmeeschter huet jo scho méi dacks wësse gedoen, dass hien net méi éiweg an der Formel 1 fuere wëllt.

D’Zukunft vum F1-Kalenner

RTL

© FIA

De Kalenner 2025 gouf scho méi laang presentéiert. D’Formel 1 wäert d’nächst Joer op deene selwechte Circuite wéi dëst Joer ënnerwee sinn. 
 
Enn 2025 lafen awer direkt e puer Kontrakter aus. Imola, Las Vegas, Mexico-City, Shanghai a Spa verhandele grad iwwert hir F1-Zukunft. Fir Imola gesäit et net gutt aus, well d’F1 warscheinlech net un zwou Courssen an Italien interesséiert ass. Och Spa steet ënner Drock. D’Zukunft vu Mexico-City hänkt enk um Schicksal vum Sergio Pérez. China (Shanghai) bleift och ouni feste Cockpit fir den Zhoe Guanyu ee wichtege Marché. Las Vegas ass virun allem ee Prestigeprojet, deen d’F1 warscheinlech net gären opgëtt.
 
Enn 2026 lafe véier weider Kontrakter aus: Austin, Baku, Barcelona a Zandvoort. Dee lescht genannte Circuit ass jo elo definitiv eraus. Austin kéint zu Gonschte vun engem anere Grand-Prix an den USA geaffert ginn, d’F1 schéngt weider Courssen zu Chicago an/oder zu New York ze plangen. Barcelona ass esou gutt wéi eraus, well de Grousse Präis vu Spuenien schonn 2026 op Madrid plënnert. Bei Baku ass et warscheinlech nëmmen eng Fro vun der Zäit a vun de Suen, bis de Kontrakt verlängert gëtt.

RTL

© RTL-Grafik

Wa Courssen aus dem Kalenner verschwannen, wéi elo Zandvoort, mécht dat Plaz fir nei Destinatiounen. Als grousse Favorit gëtt beispillsweis Kyalami a Südafrika gehandelt. Fir d’F1 wier eng Course an Afrika och aus Imagegrënn extrem wichteg.