An der Formel 1 ass dëse Weekend déi 24. an domat leschte Course vun der Saison.

Beim Grousse Präis vun Abu Dhabi sti virun allem zwou Froen am Mëttelpunkt. Wie gëtt Weltmeeschter bei de Constructeuren a wie ka sech hannert dem Champion Max Verstappen Vizeweltmeeschter nennen.

Formel 1: Virschau op déi lescht Course

An de leschte Wochen hat et sech schonn ugedeit, datt et bei de Constructeure bis déi lescht Course spannend kéint bleiwen, wien dann um Enn den Titel mat heem hëlt. McLaren huet no 23 Courssen un der Spëtzt vun der Tabell 21 Punkten Avance op d'Ferrari. Déi Yas Marina-Circuit dierft éischter dem Auto vun de Piloten Lando Norris an Oscar Piastri entgéintkommen.

Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:

"McLaren oder Ferrari, d'Charakteristike vum Circuit soen, fir mech McLaren, et ass net esou waarm do, well do Nuets gefuer gëtt. De Circuit-Layout ass esou, dass de vill Appui brauchs an den Topspeed ass u sech manner relevant, well s de am Qualifying souwisou op béide Riichten mam DRS op fiers. Deemno tendéiert alles éischter a Richtung McLaren an awer hunn ech den Androck, dass de Moment, de Momentum a Richtung Ferrari pendelt a McLaren sech e bësse méi schwéier deet." 
 
En Plus huet de Ferrari-Pilot Charles Leclerc eng nei Batterie misse kréien, an dat bedeit 10 Strofplazen. Am Mëttelfeld vun der Tabell streide sech Alpine, Haas an d'Racing Bulls ëm déi sechste Plaz. Bei de Pilote kommen nach de Lando Norris an de Leclerc a Fro fir Vizeweltmeeschter ze ginn. Déi Zwee sinn do just duerch 8 Punkte getrennt.
 
"Norris oder Leclerc. Déi 8 Punkten Ënnerscheed sinn u sech dem Lando Norris éischter favorabel. Dat si relativ vill Punkten oder och relativ vill Plazen, déi de Leclerc misst virum Lando sinn, fir sech do déi zweet Plaz nach kënnen ze sécheren. Gläichzäiteg ass et fir d'Piloten u sech egal. Interessant ass allerdéngs och, dass et d'Méiglechkeet gëtt, dass Norris a Piastri virun de jeeweilege Ferrarispilote landen an der Pilotewäertung an awer Ferrari de Constructeurstitel mat heem hëlt, doduerch dass den Oliver Bearman jo och nach sechs Punkten huet. Dat wär e ganz lëschtegen onerwaarten Zenario."
 
D'Rekordsaison mat 24 Grand-Prixe geet dëse Weekend op en Enn, d'Middegkeet ass am ganze Formel-1-Zirkus ze spieren. "Lo an den nächsten Deeg ginn d' Leit an den Ecurien awer nach eng Kéier alles", seet de fréiere Formel -1 -Ingenieur.
 
"24 Courssen an den Tripleheader um Enn vun der Saison ziert natierlech un de Leit. A gläichzäiteg si gesinn elo d'Luucht um Enn vum Tunnel. Et ass déi leschte Course. Et ass eng, déi vun den Auerzäiten, wou d'Seancë leien, de Leit e bëssen entgéint kënnt. Et gëtt an der Mëttesstonn an de Mëtteg gefuer. Dat heescht, net ze vill fréi moies aus dem Hotel eraus. Net ze vill spéit an d'Nuecht eraschaffen. Dat ass alles wierklech positiv fir de Kierper. D'Leit kréien e bësse bessere Schlof do. Et ass net wäit fir op de Circuit fir déi meescht Ecurien. Dat sinn alles kleng Detailer. An awer mécht dat alles d'Liewe méi einfach. A wéi gesot, si konzentréiere sech alleguer dorobber, dass d'Saison gläich eriwwer ass. An dat ass sou dee leschte Push, éier dass dann d'Vakanz hannendrun hänkt." 
 
Fir eng ganz Rei Piloten ass dëse leschte Grand Prix vun der Saison schonn e Speziellen. De Lewis Hamilton fiert seng leschte Course fir Mercedes, éiert et bei Ferrari geet. Bei der Scuderia muss dofir de Carlos Sainz Plaz maachen. De Spuenier fiert jo d'nächst Joer bei Williams. Fir d'Pilote Valtteri Bottas, Joe Guanju, Kevin Magnussen a Franco Colapinto ass et dann emol bis op Weideres déi leschte Course an engem Formel-1-Auto.