Pole fir de Lando Norris virum Oscar Piastri

Déi drëtt Plaz ass fir de Carlos Sainz. De Charles Leclerc fiert e Sonndeg aus der leschter Rei fort.
Bei der Finall zu Abu Dhabi stoung um Samschdeg de leschte Qualifying vun der Saison um Programm. De Charles Leclerc fiert just op déi 14. Plaz. Wéinst engem Batterie-Wiessel kritt de Monegass awer och nach 10 Strofplazen, sou dass et e Sonndeg aus der leschter Rei an d'Course geet. D'Pole ass fir de Lando Norris viru sengem McLaren-Kolleeg Oscar Piastri an dem 1. Ferrari Carlos Sainz. Iwwerraschenderweis fiert den Nico Hülkenberg op déi 4. Plaz, nach virum Weltmeeschter Max Verstappen.
Um Samschdeg den Owend koum dunn awer d'Nouvelle vun de Stewards, dass den Nico Hülkenberg als Strof wéinst Iwwerhuelen an der Boxegaas 3 Plazen no hanne geréckelt gëtt. Domat start den Däitschen e Sonndeg vun der 7. Plaz..
Direkt am Q1 gouf et eng ferm Iwwerraschung. De Lewis Hamilton ass net iwwert déi 18 Plaz eraus komm. Et ass schonn déi 4. Kéier, wou de Mercedes-Pilot an dëser Saison am Q1 eliminéiert gëtt. Batter fir de Britt, ass et dach seng leschte Course fir Mercedes, ier de Lewis Hamilton nächst Saison fir Ferrari un de Start geet. Och net an de Q2 gepackt, hunn et den Jack Doohan (Alpine), Franco Colpinto (Williams), Zhou Guanyu (Sauber) an Alexamder Albon (Williams).
Am Q2 ass de Charles Leclerc op déi 1. Plaz gefuer. Wéinst Tracklimits ass seng Zäit awer gestrach ginn, sou dass e sech am Q2 just op der 14. Plaz erëmfënnt. Well de Ferrari-Pilot wéinst engem Wiessel vun der Batterie awer och nach 10 Strofplaze kritt, fiert de Monegass e Sonndeg just vun der leschter Plaz fort. Domat gëtt et elo schwéier fir Ferrari, fir nach de Constructeur-Titel ze gewannen. Och net an de Q3 hunn et de Kevin Magnussen (Haas), Lance Stroll (Aston Martin), Liam Lawson (RB) a Yuki Tsunoda (RB) gepackt.
E Sonndeg iwwerdroe mir d'Course vu 14 Auer un. Den Ufank vun der Emissioun ass um 13.15 Auer. Suivéiere kennt Dir déi leschte Course um RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play.