An der leschter Course vun der Saison stoung den Englänner ganz uewen um Träppchen an huet sech och déi 2. Plaz am General geséchert.

Hannert dem Norris hu sech béid Ferrari-Pilote Carlos Sainz a Charles Leclerc um Podium klasséiert. Et konnt een also vun enger gelongener Ferrari-Course schwätzen, virun allem well de Leclerc vun der 19. Positioun nach op de Podium gefuer ass. Trotz dem gudde Resultat goung den Titel bei de Constructeuren u McLaren. Obwuel de Piastri just den Zéngte gouf, goung déi 1. Plaz vum Norris duer, fir den 1. Titel zanter 1998 ze feieren. Et war den 13. Titel fir McLaren an der Geschicht vun der Formel 1.

Am General huet sech den Norris hannert dem Weltmeeschter Verstappen déi 2. Plaz geséchert. De Leclerc konnt sech do deemno net méi laanscht de Britt schaffen.

No enger mouvementéierter Startphas gouf d'Klassement duercherneegeheit. De Weltmeeschter Verstappen hat de Piastri gedréint an de McLaren-Pilot ass vun der 2. op déi lescht Plaz zréckgefall. De Verstappen hat 7 Plaze verluer a war just nach den 11.. Ganz vir konnt den Norris seng 1. Plaz virum Sainz an dem Gasly behaapten. Grousse Profiteur war och de Leclerc, deen no der éischter Ronn vun der 19. op déi 8. Plaz no vir gefuer ass. Russell an Hülkenberg waren op de Plaze 4 a 5.

An der Suite war et méi roueg an der Course. Leclerc a Verstappen hu sech no vir geschafft, fir de Rescht waren d'Iwwerhuelmanöveren éischter rar geséint. Nodeems all d'Piloten eng Kéier an der Box waren, louch un der Spëtzt den Norris virum Sainz a virum Leclerc. De Russell war op der 4. Plaz. No enger 10-Sekonne-Strof war de Verstappen just nach den 10.. Et blouf an der Wäertung ëm de Constructeur-Titel spannend, den Norris konnt de Virsprong awer verdeedegen. An de leschte Ronne sollt net méi vill passéieren, den Norris konnt sech virum Sainz a Leclerc behaapten. De Russell huet an der leschter Ronn den Hamilton nach laanscht gelooss. A senger leschter Course fir Mercedes gouf den Hamilton also de 4. an de Russell de 5.. De Weltmeeschter Verstappen ass op der 6. Plaz iwwert de wäisse Stréch gefuer.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2024

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

© RTL