Detailer zu Sozialstonne vu Max Verstappen gewosst

© AFP
Am Oktober gouf de Max Verstappen fir "inakzeptabel Ausdréck" op enger Pressekonferenz zu Singapur bestrooft. Lo gouf bekannt, wat genee seng Strof ass.
Datt de Formel-1-Pilot Max Verstappen no enger Pressekonferenz vun der FIA dofir bestrooft gouf, datt hien dat englescht Wuert mat F an de Mond geholl hat, hat fir vill Opreegung gesuergt. Vun de Stewards war hien deemools zu "Aarbecht am ëffentlechen Interêt" verurteelt ginn. Als Reaktioun op dat Urteel hat den Hollänner dee ganze Weekend Pressekonferenze vun der FIA boykottéiert, andeem hien nëmme kuerz Äntwerte ginn huet. Och vu senge Pilote-Kolleege koum deemools vill Ënnerstëtzung, well d'Strof vun deene meeschten als iwwerdriwwen ugesi gouf.
Zanterhier war net genee gewosst, wat dem Max Verstappen als Strof sollt bléien. Elo no der Finall huet de Motorsport-Weltverband confirméiert, datt de Red-Bull-Pilot seng Sozialstonnen am Ruanda leeschte wäert.
"Wärend sengem Openthalt zu Kigali wäert hien am Kader vum ruandeschen Automobilclub (RAC) organiséierte Programm fir d'Fërderung vun der Basisaarbecht mat Nowuesssportler schaffen. Dobäi wäert e FIA Affordable Cross Car an den Asaz kommen, dee vum RAC op der Plaz am Ruanda no de Pläng vun der FIA gebaut gouf", heescht et an engem Schreiwes vun der FIA.

© FIA
De Max Verstappen wäert awer net just fir seng Sozialstonnen am Ruanda sinn. E Freideg ass an der ruandescher Haaptstad d'FIA-Generalversammlung a gläichzäiteg déi offiziell FIA-Präisiwwerreechung, bei där den F1-Weltmeeschter säin neie Pokal wäert kréien.
Et ass och net déi éischt Kéier, datt de Max Verstappen vun der FIA zu Sozialstonne verurteelt gëtt. Scho viru sechs Joer gouf hien dofir bestrooft, datt hie beim Grousse Präis vu Brasilien 2018 dem Esteban Ocon géigeniwwer handgräiflech gouf. Als Strof war hien deemools "Iwwerwaacher" bei de Stewards wärend enger Formel-E-Course.