D'Rekordsaison mat 24 Grand-Prixen ass mat der Victoire vum Lando Norris an dem Weltmeeschtertitel bei de Constructeure fir McLaren op en Enn gaangen.

D'Piloten Lando Norris an Oscar Pisatri hunn am ganze 666 Punkte gesammelt, 14 méi wéi Ferrari. Fir McLaren ass et deen éischten Titel als Ecurie zanter 1998.

Den Dominique Riefstahl

"Den Titel fir McLaren ass verdéngt. Si hunn 23 ugefaangen, wierklech den Auto besser ze verstoen, d'Konzept besser ze beherrschen, d'Performancë sinn ëmmer besser ginn. Si hunn dat 24 kënne verfestegen a sinn do reegelméisseg ëm d'Victoire gefuer an ëm déi beschte Performance vum Auto. Allerdéngs hu si enorm vill Feeler, strateegesch virun allem gesinn, gemaach. D'Pilote waren nach e bësse jonk an onerfueren. A si haten enorm Chance, dass bei Ferrari d'Performance extreem variabel war vun enger Course zur anerer a bei Red Bull nëmme mat engem Pilot gekämpft gouf. Ech denken, och wann et verdéngt ass, hate se enorm vill Gléck ënnerwee.", esou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl.

Red Bull huet op der drëtter Plaz 77 Punkte manner wéi déi nei Weltmeeschter-Ecurie. Bei de Pilote konnt sech de Lando Norris, hannert dem Max Verstappen, den Titel vum Vize-Weltmeeschter sécheren. Hei gouf de Charles Leclerc op Ferrari den Drëtten.