No wochelaange Spekulatiounen ass et elo offiziell: Red Bull a Pérez gi getrennte Weeër, säi Successeur ass nach net bekannt.

"De Sergio Pérez annoncéiert säin Depart", esou ass den offizielle Communiqué vu Red Bull iwwerschriwwen. Déi offiziell Versioun vun dëser Trennung ass also, dass de Pérez quasi fräiwëlleg decidéiert huet, d’Ecurie ze verloossen, an net erausgehäit gouf. 
 
Egal wéi: de Max Verstappen kritt no véier Saisonen en neien Teamkolleeg. Op dee Yuki Tsunoda, Liam Lawson oder ganz aneschters heescht, ass iwwregens nach net gewosst. Iwwer déi weider Entwécklunge wëllt Red Bull méi spéit informéieren.

Pérez: Ecart op Verstappen war ze grouss
 
Um Enn hunn d’Zuelen eng kloer Sprooch geschwat. De Verstappen gouf mat 437 Punkte Weltmeeschter 2024. De Pérez koum op nëmmen 152 Punkten an déi 8. Plaz an der WM-Tabell. Teamintern krut de Mexikaner reprochéiert, dass et virun allem seng Schold wier, dass Red Bull bei de Constructeure vun der éischter op déi drëtte Plaz (hannert McLaren a Ferrari) zeréckgefall ass. De Sergio Pérez ass dee schlechtsten Teamkolleeg vun engem Weltmeeschter zënter dem Jos Verstappen 1994. 
 
Um Ufank vun dëser Saison konnt de Pérez nach véier Mol op de Podium fueren. Duerno ass de Mexikaner agebrach. Iwwert d’Ursaache kann nëmme spekuléiert ginn. Huet den Auto sech an eng Richtung entwéckelt, déi him net louch? Oder war den internen an externen Drock einfach ze grouss? Egal wéi, wat d’Saison méi laang gedauert huet, wat d’Leeschtunge vum Checo ëmmer weider agebrach sinn.
 
Eng deier Scheedung? 
 
Vill Experten hunn déi lescht Méint ëmmer erëm spekuléiert, dass Red Bull säin zweete Pilot nach virum Enn vun der Saison erausgeheie géif. Spéitst no Abu Dhabi ware sech d’Insider absolut sécher: esou eng schlecht Saison ka Red Bull net toleréieren. An awer huet sech d’Trennung nach knapp zwou Wochen higezunn. 
 
Et ass dovunner auszegoen, dass Pilot an Ecurie intensiv iwwer déi finanziell Konditioune verhandelt hunn. De Kontrakt mam Sergio Pérez gouf nämlech am Fréijoer bis Enn 2026 verlängert. Experte ginn dovunner aus, dass Red Bull héich Entschiedegunge bezuele muss, well de Pérez a senger Heemescht vill lukrativ perséinlech Sponsorkontrakter huet. Donieft huet Red Bull och nach en Accord mat (mexikaneschen) Partner fanne missten, déi elo nom Depart vum Sergio Pérez keen Interêt méi hunn, fir Teamsponsor ze sinn. An de leschten Deeg gouf doriwwer spekuléiert, dass d’Pérez-Vertragsopléisung en héijen zweestellege Milliounebetrag kaschte kéint. Dës Informatioune sinn awer net confirméiert.
 
Pérez-F1-Karriär: 6 Victoiren an 281 Courssen
 
De Sergio Pérez gouf 2021 vu Red Bull engagéiert. Deemools war seng F1-Karriär scho quasi eriwwer, nodeems hie seng Plaz bei RacingPoint (haut: Aston Martin) verluer huet. DeCockpit nieft dem Max Verstappen war deemools seng leschte Chance, an der Formel 1 ze bleiwen. Säin Héichpunkt bei Red Bull war de Vize-Titel 2023.
 
De Sergio Pérez seng éischt F1-Course war de Grousse Präis vun Australien 2011. Bis Enn 2012 goung hie fir Sauber un den Depart. 2013 ass hien eng Saison fir McLaren gefuer. 2014 ass hie bei ForceIndia/RacingPoint gewiesselt, wou hie bis 2020 bliwwen ass. 2020 huet hien am RacingPoint seng éischt Course gewonnen. Bei Red Bull koume fënnef weider Victoiren dobäi.