Nodeems Red Bull confirméiert huet, dass de Sergio Perez d'nächst Saison net méi am Cockpit sëtzt, steet dem Max Verstappen säin neien Teamkolleeg fest.

Den Australier Liam Lawson ersetzt de Mexikaner un der Säit vum 4-fache Weltmeeschter. Den 22 Joer ale Pilot goung am Joer 2023 schonn un den Depart. Deemools hat hien den Daniel Ricciardo ersat, dee sech zu Zandvoort an Holland am Fräien Training d'Handgelenk gebrach hat. Beim Grousse Präis vu Singapur konnt hie seng éischt Punkte sammelen.  
Singapur ass e gutt Stéchwuert. Dëst Joer souz hien um Startcircuit zwar net am Auto, ma d'Rumeure koumen op, dass hien den Daniel Ricciardo no dëser Course bei Racing Bulls definitiv géif ersetzen. Dës Rumeur gouf dunn och nom Grand Prix quasi confirméiert, wéi de sympatheschen Australier dem ganze Paddock Äddi gesot huet.
 
Yuki Tsunoda oder Liam Lawson?
 
Dat war d’Fro, déi séier opkomm ass. Nodeems den Daniel Ricciardo de Stull virun d'Dier gesat krut, war kloer, dass am Red Bull Imperium deen nächste Stull wackele géif. An zwar dee vum Sergio Perez. D’Fro war just, ob den Tsunoda oder de Lawson de Mexikaner géif ersetzen.
 
Och wann de Yuki Tsunoda seng bis dato beschte Saison an der F1 gefuer ass, krut hien d'Vertraue vu Red Bull net geschenkt. D’Ecurie ass der Meenung, dass de Liam Lawson d’Roll un der Säit vum Max Verstappen besser erfëllt wéi de Japaner.
 
De Christian Horner, Teamchef vu Red Bull: "Dem Liam seng Leeschtungen am Laf vu senger zweeter Saison hu gewisen, dass hien net nëmme kapabel ass, fir staark Resultater ze liwweren, mee datt hien och e richtege Racer ass a keng Angscht huet, sech mat de Beschten ze moossen. Eng Saison niewent dem Max, e véierfache Champion an ouni Zweiwel ee vun de gréisste Chauffeuren, déi jeemools an der F1 gefuer ass. Et ass eng beängschtegend Aufgab, mee ech si mir sécher, dass de Liam dës Erausfuerderung unhëlt an e puer aussergewéinlech Resultater fir eis d'nächst Joer liwwere wäert."
 
Fir de Liam Lawson geet en Dram an Erfëllung: "Dëst ass eng Etapp, fir déi ech laang an haart geschafft hunn. Déi elo ze erreechen ass onbeschreiflech. Ech wëll der ganzer Ekipp vu Racing Bulls e grousse Merci soe fir hir Ënnerstëtzung, déi e groussen Deel a menger Virbereedung gespillt hunn, fir dëse Schratt ze realiséieren. Ech wëll och dem Christian, dem Helmut an der ganzer Red Bull Famill Merci soen, datt si u mech gleewen a mir dës Geleeënheet ginn. Ech freeë mech zesumme mam Max ze schaffen a vun engem Weltmeeschter ze léieren. Ech kann et kaum erwaarden unzefänken."
 
Wien d'nächst Saison un der Säit vum Yuki Tsunoda un den Depart geet, ass nach net bekannt. Gutt Chancë kéint eventuell den nach F2-Pilot Isack Hadjar hunn.

RTL

© RTL-Grafik

Wat seet den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl?

Och fir den Dominique Riefstahl ass de Choix, de Lawson amplaz vum Tsunoda ze huelen, e logesche Schrëtt.

Extrait Dominique Riefstahl

Den Tsunoda ass e gestanene Pilot, deen huet Erfarung, wann de Red Bull d'nächst Joer fäeg ass, Courssen ze gewannen an ëm de Championnat ze fueren, wëllt de Yuki do matmëschen a selwer ëm dee Championnat kämpfen. E Lawson ass do méi einfach ze geréieren. Red Bull konzentréiert sech nëmmen op de Max. Si wëllen eng kloer Nummer 2 niewent him hunn. De Lawson ass e Rookie, trotz de puer Coursen, déi hie scho gefuer ass. An doduerch akzeptéiert hien nach éischter eng Stallorder, dass e muss zeréckstiechen, fir dem Max Plaz ze maachen, wéi e Yuki dat géif maachen. Dofir, déi Entscheedung ass fir mech absolut logesch an novollzéibar.