"Wat kënnt als nächst?", stoung rezent ëmmer op de Kleeder vum Valtteri Bottas. Elo gouf dës Fro beäntwert: Hie gëtt Reservepilot bei Mercedes.

Dës Nouvelle huet Mercedes en Donneschdeg matgedeelt. De Valtteri Bottas iwwerhëlt d'Plaz vum Mick Schumacher. De Fils vum Rekordweltmeeschter Michael Schumacher hat jo decidéiert, de Kontrakt mat der Ecurie mam Stär opzeléisen.
 
Dës Decisioun huet dem Bottas d'Dier opgemaach, nodeems d’Ecurie Sauber jo d’Entscheedung getraff huet, fir de Kontrakt mam Finn net ze verlängeren.
 
Mercedes freet sech drop, dee Pilot, dee mat hinnen 10 Grand-Prix-Victoiren, 20 Pole-Positions an 58 Podiumsplaze gefeiert huet an eng wichteg Roll beim Succès vu 5 Weltmeeschterschafte bei de Constructeuren hannerenee gespillt huet, nees am Team begréissen ze kënnen. 
 
De Valtteri Bottas: "Ech si frou, endlech d'Fro ze beäntweren, déi ech mir déi lescht Méint gestallt hunn. Ech kommen zréck an d'Mercedes Famill als drëtte Pilot fir d'Saison 2025 an ech kéint net méi glécklech sinn. Ech soen dem Toto Merci, dem Team zu Brackley a jidderee vun der Mark mam Stär, déi mech mat oppenen Äerm begréissen."
 
Den Toto Wolff ass och houfreg drop, dass de Bottas d'nächst Joer nees bei hinnen an der Garage ze fannen ass: "Et ass super hien erëm bei eis ze hunn. Säin Afloss a Bäitrag an deene fënnef Joer, an deenen hien als Pilot bei eis war, war immens. Säin technesche Feedback an Input ware wichteg fir eis a fir d'Team no vir ze bréngen. All dës Qualitéite wäerten onheemlech wichteg sinn, fir eis am Kampf ëm béid Weltmeeschterschaften z'ënnerstëtzen a béide Piloten, den George an de Kimi op der Streck ze hëllefen."