Nodeems déi franséisch Ecurie annoncéiert huet, dass de Franco Colapinto Reservepilot bei Alpine gëtt, steet den Jack Dohaan elo schonn ënner Drock.

Mir huele Changementer vun der neier Saison méi genee ënnert Lupp.

Wéi laang fiert den Jack Dohaan fir Alpine?

Rumeure si schonn no der leschter Course zu Abu Dhabi zirkuléiert, dass den Jack Dohaan relativ séier kéint ersat ginn, wann d’Resultater net passen. Bei sengem éischten Asaz huet den Australier op alle Fall net iwwerzeegt a schéngt iwwerfuerdert gewiescht ze sinn. Aus dem Grond gouf warscheinlech elo de Franco Colapinto als Reservepilot annoncéiert. Den Argentinier hat jo, nodeems hien de Logan Sargeant am Williams ersat hat, eng propper Visittekaart ofginn an op sech opmierksam gemaach. Am Communiqué heescht et, dass Alpine e Kontrakt iwwert e puer Joer mam Argentinier ënnerschriwwen hätt an en Arrangement mat Williams fonnt gi wier. Wéi dat Arrangement ausgesäit, ass net kloer.

Yuki Tsunoda kritt keng Chance

E Pilot dierft fatzeg enttäuscht sinn. De Yuki Tsunoda. De Japaner huet domat gerechent, de Cockpit vum Sergio Perez ze ierwen. Red Bull hat do awer aner Pläng an huet de Liam Lawson als Teamkolleeg vum Max Verstappen annoncéiert. D’Proufzäit nieft dem elo 4-fache Weltmeeschter ze iwwerliewen, ass net evident. Direkt e puer Pilote kënnen e Lidd dovu sangen (Gasly, Albon an de Perez). Dowéinst ass d'Direktiv kloer. Net ze vill Zäit op de Verstappen verléieren (rieds ass vun 3 Zéngtel an der Qualifikatioun), den Neiséilänner soll sech sech net a Set-Up-Decisiounen amëschen a Strategie respektéieren. E Maulkuerf also fir de Liam Lawson. Seng mental Stäerkt hätt déi Responsabel vu Red Bull awer iwwerzeegt, fir him an net dem Tsunoda eng Chance ze ginn a gesi beim Lawson och méi e grousst Verbesserungspotential wéi beim Japaner.

6 nei Piloten, dovu 4 Rookien

An der neier Saison klamme 6 nei Piloten an de Cockpit. Dat bedeit, dass lues awer sécher e Generatiounswiessel stattfënnt. D’Pilote Bearman a Lawson fuere wuel hir éischte komplett F1-Saison, hunn de Rookie-Status awer net méi. Als Rookie gëllt e Pilot, deen net méi wéi 2 Grand-Prixen gefuer ass. Déi Reegel trëfft op den Oliver Bearman, dee fir Haas fuere wäert, net méi zou. Hien hat an der leschter Saison de Carlos Sainz (Ferrari) a Saudi Arabien an zweemol de Kevin Magnussen (Haas) ersat. Och de Liam Lawson huet dëse Status net méi wéinst senge Coursen, déi hie fir Racing Bulls respektiv Alpha Tauri gefuer ass.

Nei Gesichter an der Formel 1

Jack Dohaan (Alpine), Gabriele Bortoleto (Sauber), Kimi Antonelli (Mercedes) an Isack Hadjar (Racing Bulls). Dat sinn déi nei Gesichter vun der neier Saison.
 
De Gabriele Bortoleto gouf F3-Champion an dat d’Joer drop direkt F2-Champion. An der Geschicht hunn dat wéineg Pilote gepackt. De Charles Leclerc, den Oscar Piastri an den George Russell hunn dat Konschtstéck fäerdeg bruecht. A wou déi haut ënnerwee sinn, ass bekannt. Et kann e gespaant sinn, wat d'Zukunft fir de Brasilianer reservéiert.
 
Op den Andrea Kimi Antonelli (kompletten Numm) hält den Toto Wolff grouss Stécker. Et soll der Meenung vum Teamchef vu Mercedes no den nächste Max Verstappen sinn. 2025 soll awer en Iwwergangsjoer fir hie ginn an den 18 Joer jonken Italieener soll vum Russell léieren. 2026 gi Kaarte mam neie Reglement souwisou néi gemëscht.
 
Bei Racing Bulls dierft fir den Isack Hadjar den Objektiv kloer sinn. De Yuki Tsunoda ass Referenz. Punkto Nerve muss de Fransous sech awer verbesseren. An der leschter decisiver Course fir de Championstitel an der F2 huet hien de Start verpennt. Virun der Course war hie punktgläich mam Bortoleto. Och am Funk hunn d’Emotiounen dacks héich Welle geschloen. D’Lautstäerkt vum Funk misst de Laurent Mekies fir déi nei Saison vläicht e puer Niveaue méi déif astellen.
 
Den 18. Februar 2025 gëtt zu London mat enger grousser Show fir den 75. Anniversaire vun der Formel 1 agelaut. D’Tester virun der Saison sti vum 26-28 Februar am Bahrain um Programm, wou mir déi éischte kéier déi nei Autoen um Circuit wäerte gesinn. De Start vun der neier Saison ass de 16. Mäerz 2025 an Australien.