Euphorie zu Maranello: Benvenuto a Lewis!
De Lewis Hamilton huet dës Woch offiziell bei der Scuderia Ferrari ugefaangen. D’Begeeschterung an a ronderëm d’Fabrick zu Maranello ass grouss.
Et war déi grouss Nouvelle virun engem Joer. De Lewis Hamilton wäert no 12 Joer Mercedes verloossen a fir 2025 bei Ferrari wiesselen. De 7-fache Weltmeeschter bei der erfollegräichster Ecurie – eng verréckte Geschicht, déi an dësen Deeg lues awer sécher Realitéit gëtt.
E Méindeg huet de Lewis Hamilton sech offiziell fir säin alleréischte Schaffdag an der Ferrari-Fabrick zu Maranello presentéiert. Hie gouf vum Ferrari-President John Elkann begréisst an duerno huet den Teamchef Frédéric Vasseur dem 7-fache Weltmeeschter d’Fabrick gewisen an huet him déi wichtegst Leit am Renndepartement perséinlech virgestallt. Donieft gouf ee Sëtz fir den Hamilton preparéiert an hien huet am Simulator d’Prozeduren, déi bei jiddwer Team verschidde sinn, geléiert.
Mee och de Marketing koum um éischte Schaffdag net ze kuerz. A sengem elegante schwaarze Kostüm huet hie viru sengem Dramauto, engem Ferrari F40, poséiert. Um Enn huet hie sech esouguer Zäit geholl, déi sëllege Fans virun der Fabrick ze begréissen. Déi ganz Woch iwwer waren d’Stroosse vu Maranello a Fiorano voll mat Hamilton- a Ferrari-Fans. Och wa Ferrari den offiziellen Zäitplang net kommunizéiert huet, wollte si sech dem Lewis Hamilton säin éischten Test an engem Ferrari net entgoe loossen.
E Mëttwoch war et dunn esouwäit! De Lewis Hamilton huet seng éischt Ferrari-Ronne gedréint. Kuerz no 9 Auer moies ass hien aus der Garage gerullt an huet de Ferrari-Testcircuit vu Fiorano entdeckt. Dobäi war hien awer net mam Auto vun 2025 ënnerwee, mee mam SF-23 vun 2023. D’Formel1-Reegelen erlaben nämlech keng privat Tester mat aktuellen Autoen. Et war iwwregens déi éischte Kéier iwwerhaapt, dass de Lewis Hamilton an 18 Joer een F1-Auto ouni Mercedes-Motor gefuer ass. Op all Plaz, wou een iergendwéi op de Circuit kucke konnt, stoungen Honnerte vu Fans, déi sech dësen historesche Moment net entgoe loosse wollten.
Mëttlerweil huet Ferrari och déi éischt offiziell Fotoe vum Lewis Hamilton am Ferrari-Dress verëffentlecht. Wat villen LH44-Fans gefale wäert: dem Hamilton säin neie Casque ass erëm bal komplett giel. De 7-fache Weltmeeschter fënnt do also de Wee zeréck bei seng Wuerzelen.
