McLaren ass als éischt Ecurie mam neien Auto gefuer. Zu Silverstone gouf den MCL39 op de Circuit geschéckt.

Ass den MCL39 genau esou dominant wéi säi Virgänger? Déi Fro wäert eréischt fir den Optakt vun der neier Saison beäntwert ginn, déi de Weekend vum 16. Mäerz an Australien lancéiert gëtt. 
 
Vill gouf et allerdéngs vum neien MCL39 net ze gesinn. Just e puer Fotoen, ouni ze vill Detailer vum Auto ze verroden, huet d'Ecurie mam Communiqué matgeschéckt. D'Ecurie ass um Circuit zu Silverstone gefuer, dat am Kader vun engem Filmdag.
 
Den Zak Brown, CEO vu McLaren Racing, war begeeschtert. Hien huet als Ambitioun, och 2025 ëm den Titel ze kämpfen. "Et ass fantastesch, deen Auto, mat deem mir dës Saison ëm d'Weltmeeschterschaft wëlle kämpfen, den MCL39 op d'Streck ze schécken an déi haart Aarbecht vum Team ze feieren." 
 
Och wann d'Ecurie keng Detailer verrode wollt, ass awer dat eent oder anert opgefall. A punkto Ophänkung goufen et keng Changementer, mee mam éischte Bléck ass ze erkennen, dass bei der Karosserie respektiv Verkleedung Verschiddenes ugepasst gouf.

Den aktuelle Constructeursweltmeeschter wäert awer eréischt den 18. Februar, also deen nächsten Dënschdeg, offiziell déi nei Lackéierung presentéieren. Déi 75. F1-Saison gëtt jo mat enger grousser Show an der O2-Arena zu London agelaut.
 
Pilote bleiwen onverännert
 
No där dach erfollegräicher Saison, wou de Lando Norris ëm de Weltmeeschtertitel gekämpft huet a McLaren duerch déi gutt Resultater deen éischte Constructeurstitel zanter 1998 feiere konnt, ass et verständlech, dass d'Ecurie aus deem Point de vue keng grouss Ännerunge virgeholl huet. D'Fro ass just, wéi den Duo Norris/Piastri dës Saison mateneen ëmgoe wäert. Konfliktpotential kéint virprogramméiert sinn.
 
Bis Australien mussen d'F1-Supporter sech awer net gedëllegen, fir d'Autoen eng éischte Kéier um Circuit ze gesinn. D'Tester virun der Saison gi vum 26. bis den 28. Februar am Bahrain gefuer.
 
Och dëst Joer kënnt Dir déi ganz Saison vun der Formel 1 op RTL kucken. Hei fannt Dir de komplette Kalenner mam Zäitplang.