Aston Martin AMR25: Just een Iwwergangsjoer oder awer méi?
Aston Martin huet säin Auto fir déi nei Saison virgestallt. De Mike Krack ass vun elo un an enger anerer Roll zoustänneg.
Mat engem Video, deen e bësse méi wéi eng Minutt laang ass, huet Aston Martin säin neien Auto, den AMR25 präsentéiert. Donieft goufen och nei Fotoe verëffentlecht, wou een e méi genaue Bléck op den neie Bolid werfe kann.
A seng drëtt Saison bei der brittescher Ecurie geet den zweefache Weltmeeschter Fernando Alonso. No der véierter Platz 2023 an der néngter Plaz 2024, wëll de Spuenier endlech rëm ganz vir ugräifen. Dëst Joer dierft dat Zil nach schwéier ze erreechen sinn, well d’Konkurrenz un der Spëtzt mat Red Bull, McLaren, Ferrari a Mercedes extrem grouss ass. D’lescht Joer war Aston Martin um Enn de Fënnefte ginn, dat mat 94 Punkten, bal 400 manner wéi Mercedes virun hinnen. Dat Lach soll sou séier wéi méiglech zougefuer ginn.
Och mat u Bord ass awer weiderhin de Lance Stroll, dee bis elo, virun allem wat d’Punkten ubelaangt, net un dem Alonso seng Leeschtungen erukomm ass an dat dëst Joer ännere muss.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Mike Krack net méi Teamchef vun der brittescher Ecurie. Hien iwwerhëlt elo de Poste vum "Chief Trackside Officer". Domadder huet hien déi komplett Rennaktivitéiten um Circuit ze veräntwerten.
Fir d’Entwécklung vum Auto ass elo den "Chief Technology Officer" Enrico Cardile zoustänneg. Neien "Team Principal" ass den Andy Cowell, ee fréiere Mercedes-Ingenieur, deen och scho CEO vun der Ecurie ass.
Vu Mäerz un da mat dobäi ass den Adrian Newey. De Star-Designer war no der Saison 2024 no 18 Joer bei Red Bull eriwwer bei Aston Martin gewiesselt an ass souguer Co-Aktionär vun der Ecurie ginn. Hie soll sech virun allem op den neien Auto fir 2026 konzentréieren an Aston Martin mat den neie Regularien weider no vir ze bréngen.
Et bleift also ofzewaarden, ob 2025 bei Aston Martin éischter als Iwwergang op 2026 geplangt ass oder ob een däitlech Schrëtt no vir gemaach huet.
Den neien Auto fir 2025 soll Aston Martin no direkt op dem Auto vun 2024 opbauen. Virun allem d’Fuergefill fir d’Pilote soll verbessert gi sinn an awer och soss gouf praktesch iwwerall um AMR25 eppes geännert.
Wat d’Faarf vum Auto ubelaangt, huet Aston d’Rad net nei erfonnt. Et ass just e bësse méi Schwaarz um AMR25 ze fannen an den Haaptsponsor Aramco huet eng Plaz um Front- an Heckspoiler kritt. Dominant ass awer ëmmer nach déi typesch Aston Martin Gréng an déi kleng giel Akzenter, déi ronderëm den Auto ze fanne sinn.