Als lescht Ecurie virun den Tester am Bahrain huet Red Bull hiren Auto fir déi nei Saison virgestallt. Fir de Max Verstappen geet et ëm vill Prestige.

Wéi geplangt, huet och Red Bull hiren RB21 mat engem kuerze Video an neie Fotoe presentéiert. Een Dag virun de groussen Tester am Bahrain war een dann och schonn am Kader vun engem "Filming Day" um Circuit zu Sakhir ënnerwee.

No enger komplizéierter zweeter Hallschent vun der Saison 2024 gräift ee bei Red Bull nei un a probéiert, d’Kroun vun der beschter Ecurie aus dem Joer 2023 zeréck ze erueweren. Dat dierft mat Bléck op d'Konkurrenz ëm déi éischt Plaz awer net einfach ginn. Virun allem McLaren hat hinnen d'lescht Saison ëmmer méi de Rang vun der Top-Ecurie ofgelaf. Um Ënn war déi brittesch-éisträichesche Ecurie an der Konstrukteursweltmeeschterschaft nëmmen op déi drëtt Platz komm a misst sech souwuel géint McLaren wéi och Ferrari geschloe ginn.

Vun der Missioun, ee weideren Titel bei de Piloten ze gewannen, huet sech de Max Verstappen awer net ofbrénge gelooss. Um Enn vun enger Saison, wou hien tëschenzäitlech 10 Courssen um Stéck net gewanne konnt, huet hie säi Virsprong aus dem Ufank vun der Saison, méi wéi souverän iwwer d'Zillinn gerett. Et sollt säi véierte WM-Titel sinn an dat an de leschte véier Joer.

Op et dës Saison och mam Titel klappe wäert, steet nach an de Stären. Zwar wëll de Max Verstappen alles dru setzen, mee den RB21 muss och matspillen. Den Hollänner kéint dës Saison ee vu just zwee Fuerer an der Geschicht vun der Formel 1 ginn, déi fënnef Titele bei de Piloten hannerenee gewanne kënnen. Deen eenzegen, deen dat bis elo gepackt huet, war de siwefache Weltmeeschter Michael Schumacher op Ferrari.

Nei mat dobäi ass de Liam Lawson. Den 23 Joer alen Neiséilänner iwwerhëlt de Cockpit vum Sergio Perez, deen d’lescht Saison däitlech ënnert den Erwaardunge bliwwe war. De Liam Lawson sengersäits war do och schonn an der Formel 1 ënnerwee, dat awer fir d'Red-Bull-Schwëster-Ecurie Racing Bulls. Hei hat hie sech no dem Ofgang vum Daniel Ricciardo an de Vierdergrond gefuer an um Ënn de Virzuch virum Yuki Tsunoda kritt. Punkten hat heen zu Austin an a Brasilien agefuer an dat wäert och d'Zil mam RB21 fir dëst Joer sinn.

Genau dësen RB21 gouf Red Bull no virun allem a Saache Balance verbessert. Hei hat den RB20 vun 2024 nach immens Onstëmmegkeeten an et däerf ee gespaant sinn, ob Red Bull dës Problemer an de Grëff krut. Soss wollt Red Bull awer net all ze vill iwwer den neie Bolid verroden an och op de Biller erkennt een net direkt, wat alles am Géigesaz zum RB20 geännert gouf.

Faarflech ass Red Bull praktesch mat dem nämmlechten Design wéi zejoert ënnerwee. Verschidde Sponsoren hu geännert, mee soss muss een als Spectateur d'Lupp eraushuelen, fir Ännerungen um Auto ze erkennen.