Racing Bulls VCARB 02: Ganz wäiss an déi nei Saison
Mat Racing Bulls huet och d'Schwëster-Ecurie vu Red Bull hiren Auto fir 2025 virgestallt. Dat mat enger ganz neier Faarf.
Domadder hätt wuel kee gerechent. Wou d’Ecurie Racing Bulls beim "F1 75"-Event zu London hiren neien Design gewisen huet, waren net nëmmen d’Spectateure baff, mee och den Isack Hadjar, wou hie säin neie Bolid fir d’éischte Kéier gesinn huet. Elo huet d’Schwëster-Ecurie vu Red Bull nei Fotoe vum Auto publizéiert.
Déi dominant Faarf ass dëst Joer Wäiss. Dat hätten net all ze vill Leit erwaart an den Auto gëtt elo schonn als ee vun de beschte vun de leschte Jore gehandelt. Ob dat der Ecurie allerdéngs hëlleft, och wat d’Leeschtung ubelaangt, no vir ze kommen, ass nach net gewosst. D’lescht Joer war Racing Bulls nach op déi aachte Platz komm. Just Williams a Sauber haten nach méi schlecht ofgeschnidden.
Nach ëmmer mat dobäi ass de Yuki Tsunoda, deen no enger perséinlech gudder Saison de Kierzere géint de Liam Lawson am Kampf ëm ee Cockpit bei Red Bull gezunn hat. Mat am Boot ass elo och de schonn ugeschwaten Isack Hadjar, deen als Rookie probéiere wäert, op sech opmierksam ze maachen. Dat hat hien an der Formel 2 op alle Fall fäerdeg bruecht, och wann et um Enn net ganz duer gaangen ass, fir den Titel ze gewannen. Et war de Gabriel Bortoleto, elo bei Sauber, dee sech d’Kroun an der Saison 2024 séchere konnt.
Wat d'Verbesserunge vum Auto ubelaangt, huet ee sech, änlech wéi Red Bull, och bei Racing Bulls virun allem op d’Balance vum Auto fokusséiert. Hei goufe virun allem Ännerungen um viischte Spoiler virgeholl an d’Nues vum Auto méi breet gemaach. Mat der wäisser Faarf probéiert een e komplett neie Wee ze goen an eng Uspillung op déi allgemeng Mark vu Red Bull ze maachen.