Och Sauber huet et sech net huele gelooss, dem Public hiren neien C45 ze weisen. Virun allem d'Faarf ass näischt fir jiddereen.

D'Saison 2024 vu Sauber kann ee relativ schnell an dräi Wierder zesummefaassen: Däitlech ze wéineg! An allen Aspekter war d'Ecurie aus der Schwäiz hannert der Konkurrenz bliwwen an nëmme véier Punkte stoungen no der ganzer Saison op hirem Kont. Déi nei Saison kann also nëmme besser ginn. Ugefaangen hu si déi net nëmme mat den Tester am Bahrain, mä och mat Fotoe vum neien C45, dem Auto fir 2025.
 
Gelénge soll dat mat engem neie Fuerer-Duo. Souwuel den Nico Hülkenberg wéi och den amtéierende Formel-2-Champion Gabriel Bortoleto solle Sauber rëm no vir bréngen. Mat Bottas an Zhou hat dat jo zejoert net wierklech geklappt. Just de Chinees konnt hei 4 Punkten afueren. Bei 23 vu 24 Coursse ware béid Fuerer ganz ouni Punkte bliwwen. D'Aufgab, méi Punkten ze huele wéi zejoert, ass also relativ einfach, trotzdeem muss um Enn och den Auto matspillen.
 
Genee deen Auto gouf direkt op e puer Pläng ugepasst. Engersäits huet een Ännerungen un der Aerodynamik virgeholl, déi praktesch all Stéck vum C45 betreffen, anerersäits och de Killsystem optimiséiert, fir den Auto méi liicht ze maachen.

D'Faarf vum C45 ass awer sécher näischt fir jiddereen. Et huet ee sech wéi 2024 fir een Design mat Gëftgréng decidéiert. Elo gëtt et ee Faarf-Verlaf mat Schwaarz hannen um Auto, anescht wéi d'lescht Joer, wou déi zwou Faarwen nach getrennt waren. Ganz zoufälleg ass déi Faarf-Auswiel awer net. Gëftgréng ass nämlech och d’Faarf vum Haaptsponsor Kick. Kritik un der Faarf gouf et allerdéngs schonn zejoert a bis elo gesäit et bei deem Thema dëst Joer net vill besser aus.