Dominique Riefstahl: "Et weess een net wierklech, wou d'Ecurien dru sinn"
Den nächste Weekend geet déi nei Formel-1-Saison zu Melbourne an Australien un.
D'lescht Woch stoungen nach Tester am Bahrain um Programm, wou d'Ecurien déi éischte Kéier hir nei Autoen op de Leescht huele konnten. Et goufen och e puer Simulatioune gefuer. Souwuel eng Qualifikatiounsronn wéi och eng Renndistanz gouf geprouft. Wien ass an der Favoritteroll fir déi nächst Saison? Mir hunn eis d'Tester virun der Saison méi genee ugekuckt.
Wann een iwwer d'Favoritte schwätzt, kënnt een net dolaanscht, fir Red Bull ze ernimmen. Dat ass elo keng grouss Iwwerraschung, ma den RB21 schéngt awer par rapport zu deene Saisone virdrun net méi esou iwwerleeën ze sinn.
Am Bahrain bei den Tester goufen et nämlech e puer Tëschefäll. Et ass net dramatesch, wann et emol zolidd an der Box dämpt beim Erausfueren, ma wann den Auto sech awer net esou verhält, wéi Pilote sech dat erwaarden, ass dat net optimal. Dobäi koum, dass deen een oder aneren technesche Problem bei Red Bull opgetaucht ass.
Panik huet sech awer keng breet gemaach, well iwwer déi 3 Deeg, wou getest gouf, ware souwuel d'Quali- wéi och d'Coursezäite stabil.
"Ech denken d'Ekipp huet vill aus dem leschte Joer geléiert. Mir versichen dat elo ëmzesetzen an da kucken mir wéi et leeft. Australien ass zwar e ganz anere Circuit, mee souwäit war alles gutt", sou de Max Verstappen.
De Konstrukteursweltmeeschter Mclaren huet säi Potential awer nach net ganz gewisen. Bei hinne stoungen Aerotester a Korrelatiounstester um Programm. An der Coursesimulatioun waren Norris a Piastri awer an enger eegener Liga. Dowéinst ass dovun auszegoen, dass den MCL39 och am Zäitentableau méi wäit vir ze fannen ass, wéi déi 8. Plaz vum Oscar Piastri an déi 15. Plaz vum Lando Norris.
"Mir erwaarden eis net, dass mir e groussen Virsprong par rapport zu deenen aneren Ecurien hunn. Mir wäerten all no beienee sinn, mä eisen Objektiv ass, direkt vun Ufank u mat vir bäi ze sinn, net wéi déi leschte Joren", sou de Lando Norris.
Vun Ufank u mat vir bäi sinn - Dat ass och d'Zil vun der Scuderia Ferrari mam staarke Pilotenduo Charles Leclerc a Lewis Hamilton. Vun den Zäiten op engem séieren Tour ware béid Pilote mat virbäi. D'Plazen 2 an 3 sinn erausgesprongen. Och wann déi roud, wat Coursesimulatioun ugeet, eigentlech déi 4ten Kraaft waren, wier dat net beonrouegend.
"Et huet sech gutt ugefillt, mee mir mussen eis keng Suerge maachen. Et si just Tester a jidderee verstoppt nach hiert Potential. Mir hu just eise Programm ofgespullt", sou de Charles Leclerc.
Zu der Top 4 gehéiert och Mercedes, déi vun den Zäiten hier zwar net u Mclaren a Red Bull erukomm sinn, ma Ferrari awer am Genéck sëtzen. Den Georges Russell huet um leschten Dag sech d'Beschtzäit vum Freideg gekroopt an et kann een och gespaant sinn, wéi ee vun deene 5 Rookien, den Andrea Kimi Antonelli, sech am Mercedes schloe wäert.
"Ech sinn zefridden. Ech konnt vill fueren, mee just op der séierster Ronn goufen et Problemer. Engersäits mam Wierder an op der anerer Säit mam Circuit, mä et war e positiven Test. Mä et fillt sech komesch un, dass déi nächste Kéier direkt e Courseweekend ass", sou den Andrea Kimi Antonelli.
Déi séiersten Zäit vun den Tester ass de Carlos Sainz gefuer. Och de Williams schéngt, e Sprong no vir gemaach ze hunn a gehéiert, wann ee reng d'Zäite kuckt, zum stabille Mëttelfeld.
Ob dat och an Australien esou ass oder ob d'Kaarten nei gemëscht ginn, gesi mir den nächste Weekend.
De komplette Kalenner vun der neier Formel-1-Saison
