RTL-Login, fir F1-Contenuen um RTL Play ze kucken

© Formula 1
Dëse Weekend fänkt an Australien déi nei F1-Saison un. Fir eis Spectateuren, déi d’Formel 1 op RTL Play suivéieren, gëtt et ee wichtege Changement.
D'Formel 1 ass esou beléift wéi scho laang net méi! D'lescht Joer souze bei alle 24 Coursse weltwäit geschaten 2,1 Milliarde Spectateure virun den Ecranen. Mee an deene meeschte Länner muss ee bezuelen, fir d'Formel 1 live kucken ze kënnen. Lëtzebuerg ass eent vun de wéinege Länner, wou een d'Kinneksklass vum Motorsport nach gratis suivéiere kann. Dorunner wäert sech och an Zukunft näischt änneren! Mee fir dës Saison gëtt et ee klengen technesche Changement, op deen eis Utilisateure sech preparéiere sollten.
Wärend sech op der klassescher Tëlee – also op RTL ZWEE – näischt ännert, muss RTL Lëtzebuerg seng F1-Contenuen op der Online-Plattform RTL Play besser protegéieren. D’'Formel 1 huet nämlech hir Anti-Piratage-Mesurë verschäerft an RTL Lëtzebuerg als "Official Broadcaster of Formula 1" muss dës Oploen elo ëmsetzen.
Well de Saisonsoptakt dëst Joer an Australien – an domadder fir eiseree matzen an der Nuecht – stattfënnt, sinn hei e puer Explikatiounen a Recommandatiounen, wéi ee sech elo scho preparéiere kann.
Obligatoresche Login
Dee wichtegste Changement fir d'Utilisateuren: Et gëtt ee Login fir de Livestream an d'Replay-Videoe vun der Formel 1 agefouert. Fir d'Formel 1 op RTL Play ze kucken, muss ee sech elo fir d'éischt um Site oder an der App vun RTL Play aloggen. Dat geet mam normalen RTL-Login oder mat enge vun den alternative Login-Méiglechkeeten (LuxID, Facebook, Google oder Apple). Wien nach keng ID huet, ka sech onkomplizéiert op RTL.lu een Account uleeën. Mat dësem Login ass nëmmen d'F1-Rubrik protegéiert. All déi aner Contenuen op RTL Play bleiwen ouni Login fräi zougänglech. Och den F1-Accès bleift wuelverstane gratis.
Exklusiv op RTL Play
Donieft lafen d'F1-Videoen nëmmen nach exklusiv op eiser RTL-Play-Plattform. Op eisem Internetsite RTL.lu an an eiser RTL-App gëtt de Stream zwar nach ugekënnegt, mee wien dorobber klickt, gëtt automatesch op RTL Play weidergeleet. Mir recommandéieren eise mobillen F1-User deemno d'RTL-Play-App op hirem Handy z'installéieren, respektiv z'iwwerpréiwen, ob si wierklech deen allerleschten Update erofgelueden hunn.
Test, ob alles funktionéiert?
Fir schlecht Surprisen z'evitéieren, kënnt Dir elo schonn testen, ob Äre Login funktionéiert. An der F1-Rubrik op RTL Play ass ee Reportage iwwert dem Lewis Hamilton säin éischten Test bei Ferrari ze fannen. Wann Dir deen ouni Problem kucke kënnt, sidd Dir prett fir Äre Liblingssport och an Zukunft online bei eis ze suivéieren.
Leider keng F1 op der Smart TV
RTL Lëtzebuerg bitt och fir déi verschidde SmartTV-Plattformen eng RTL-Play-App un. Leider entspriechen dës Plattformen net de sécherheetstechneschen Ufuerderunge vun der Formel 1. Dofir ass et RTL Lëtzebuerg leider net méiglech, d’F1-Contenuen an den RTL-Play-SmartTV-Appen ze streamen.
Leeft garantéiert: RTL ZWEE
Fir d'Spectateuren, déi d'Formel 1 ganz klassesch op der Tëlee kucken, wäert sech iwwregens näischt änneren. Wien RTL ZWEE iwwert eng terrestresch Antenn (DVB-T) oder iwwert een TV-Ubidder empfänkt, kann eis Formel-1-Iwwerdrounge wéi gewinnt ouni Login kucken. Och an der Saison 2025 lafe Sprint Quali, Sprint, Qualifikatiounen a Courssen alleguerten op RTL ZWEE. Donieft ginn dës Saison d'Fräi Trainingen vum Saisonsoptakt an Australien, vun den europäesche Courssen a vun der Finall zu Abu Dhabi live op RTL ZWEE gewisen.
Den éischte Weekend op RTL ZWEE an RTL Play
Wien de Saisonsoptakt net verpasse wëll, muss fréi opstoen. Den éischte Fräien Training leeft an der Nuecht op e Freideg um 2.25 Auer, um 5.55 Auer ass et den FP2. Samschdes kommentéiert den Tom Hoffmann um 2.25 Auer de leschte Fräien Training, ier de Serge Pauly an de Franky Hippert um 5.55 Auer mam éischte Qualifying vun der Saison iwwerhuelen. Den Depart vun der Course sonndes ass um 5.00 Auer. De Virprogramm, wéi gewinnt mam RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl, fänkt um 4.30 Auer un. Quali a Course ginn och am Replay op RTL Play ugebueden.