Pénktlech fir de Saisonsoptakt an Australien kënnt den éischten Trailer vum neien F1-Film eraus.

De Brad Pitt spillt den erfollegräichen F1-Pilot "Sonny Hayes", dee sech eigentlech no engem schlëmmen Accident aus der Formel 1 zeréckgezunn hat an dunn awer säi Comeback feiert, fir engem befrënnten Teamchef beim Encadrement vun engem jonken Talent ze hëllefen.

De Starproduzent Jerry Bruckheimer huet dorobber gehalen, dass de Sport esou authentesch wéi méiglech eriwwer kënnt. Gefilmt gouf net nëmmen op bekannten F1-Circuiten, mee esouguer wärend de Grand-Prix-Weekender. Esou wäerten net nëmmen déi richteg F1-Ecurien, mee och déi richteg F1-Piloten am Film ze gesi sinn.
 
Nodeems et scho vereenzelt Teasere gouf, koum elo den alleréischten Trailer eraus. De Film, deen eigentlech fir Apple produzéiert gouf, soll och kuerz Zäit am Kino lafen. Déi weltwäit Première ass fir de 25. Juni geplangt. Zäitgläich soll den F1-Film och an de Lëtzebuerger Kinossäll ulafen.

D'F1-Pilote wéi de Lewis Hamilton, déi schonn Ausschnëtter vum Film gewise kruten, si beandrockt, wéi realistesch d'Rennzeenen eriwwer kommen.