No 2019 start d'Formel 1 dëse Weekend d'Saison nees an Australien

13 Weekender hunn d'Formel-1-Frënn misse waarden, elo ass et nees esou wäit.
Déi zwee éischt Fräi Traininge vun der Saison, déi nees iwwer 24 Coursse geet, hunn d'Pilote schonn zu Melbourne hannert sech. Am éischte Fräien Training war de Lando Norris op McLaren an der Nuecht op e Freideg eiser Zäit dee Séiersten. E Freideg de Moie fréi war et dunn am Zweeten de Charles Leclerc op Ferrari.
Ufank Dezember zejoert ass d'Saison 2024, déi längst mat 24 Courssen an der Geschicht vun der Formel 1, zu Abu Dhabi op en Enn gaangen. De Max Verstappen hat jo scho méi laang säi véierte Weltmeeschtertitel an der Täsch, bei de Constructeure konnt d'McLaren um Enn d'Nues viru Ferrari behalen. Lo huet dat laangt Waarden also en Enn. De fréieren Ingenieur aus der Kinneksklass aus dem Automobilsport Dominique Riefstahl iwwer d'Gefiller vun de Leit aus dem Formel-1-Zirkus:
"Wann d'Formel-1-Leit an der Reegel net emotional sinn, awer eng gewësse Virfreed ass ëmmer do virun der éischter Course, well einfach d'Impatience do ass, wierklech eraus ze fannen, wou ee steet. De ganze Wanter iwwer ass et ëmmer spekulativ, wou een zu deenen aneren Ecurië steet. Bei der éischter Course ass effektiv dann d'Tatsaach do, wat kann den Auto wierklech, wou positionéiert ee sech?"
2019 war den Optakt vun der Formel-1-Saison fir d'lescht an Down Under. Lo ass d'Kinneksklass aus dem Automobilsport also nees fir déi éischt Course vum Joer zréck an Australien. Déi lescht Saison ass d'Formel 1 am Bahrain an d'Joer gestart, do also wou och d' Wantertester waren.
"Dat heescht, do huet ee scho gewosst, wéi den Auto sech verhält a wéi de Setup erauszefueren ass. Hei muss een e Wëssenstransfert maachen tëscht deem Circuit, wou ee getest huet an do wou d'Course stattfënnt. Dat ass net nei. An der Vergaangenheet ass oft a Spuenien getest ginn an da war en zwouschanescht déi éischt Course. Et geet just drëms, dee Wëssenstransfert dann direkt scho fir déi éischt Course ze applizéieren, mee dat ass och erëm eng Kéier fir all Mënsch d'selwecht. Et ass alt deen, deen am Séiersten do ka sech upassen, deen e Virdeel huet."
Prognosen ze maachen, wiem den Albert Park Circuit zu Melbourne am beschte läit, ass am Moment utopesch, seet den RTL-Formel-1-Expert.
"Bahrain eleng geet net duer. Zu Bahrain huet een och kee komplett Bild gehat vun deem wat d’Autoe kënnen. Et ass ëmmer nach en enorm spekulatiivt Element doriwwer, wie mat wéi vill Bensinn gefuer ass. An dofir ass dat net applizéierbar, ze soen, deen, deen am Bahrain gutt ausgesinn huet, ass effektiv dee Séiersten. Déi Saach ass scho mol net gewosst. An zweetens ass et nach eng Kéier méi schwéier, well een net wierklech weess, ass deen doten Auto oder deen heiten Auto lo méi lues an de Kéieren, well e méi Bensinn u Bord hat oder well en effektiv manner Potenzial huet."
Et ass dëse Weekend den 39. Grousse Präis vun Australien, et ass déi 28. Kéier, datt zu Melbourne gefuer gëtt, den Albert Park Circuit ass 5,27 Kilometer laang an den Dominique Riefstahl beschreift en als relativ Start-Stopp-Streck.
"Et si relativ vill staark Bremspunkten, dann duerch e mëttelséieren Enchaînement vu Kéieren erëm erausbeschleunegen op eng Riicht, fir erëm eng Kéier staark unzebremsen. An dat Ganzt widderhëlt alles sech e puermol. Doduerch, dass d'DRS op alle véier Riichten ass, kann ee mat méi Flillek fueren, wéi dat soss op esou engem Circuit de Fall wär, well een am Qualifying net benodeelegt gëtt duerch en décke Flillek."
D'lescht Saison konnt d'Ferrari den Doublé an Australien feieren. Kuerz no senger Blinddarmoperatioun huet sech de Spuenier Carlos Sainz, dee jo elo bei Williams fiert, virum Charles Leclerc duerchgesat. De Lando Norris op McLaren gouf deen Drëtten. Wien dëst Joer Down Under ganz uewen um Podium steet, wësse mer dann e Sonndeg de Moie fréi.
Den Depart vum Grand Prix ass e Sonndeg de Moien um 5 Auer eiser Zäit, de Virprogramm fänkt um 5.30 Auer un. D'Qualifikatioun ass e Samschdeg de Moien um 6 Auer an den drëtte Fräien Training um 2.30 Auer. Dir kënnt d'Formel 1 nees live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE an online um RTL Play suivéieren. Fir den RTL Play braucht dir e Login. Detailer fannt dir hei.