An Australien ass d'Formel 1 de Weekend an déi nei Saison gestart.

De Lando Norris huet sech déi éischt Pole Position an der neier F1-Saison geséchert. De McLaren-Pilot huet sech am Qualifying fir de Grousse Präis vun Australien zu Melbourne viru sengem Teamkolleeg Oscar Piastri behaapt. Béid Piloten hu 84 Dausendstel getrennt. Op d'Plazen dräi a véier sinn de Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull an den George Russell op Mercedes gefuer.

Déi héichgehandelt Ferrari mam Charles Leclerc an dem Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton hunn enttäuscht. Fir den Hamilton ass et a sengem éischte Qualifying fir d'Scuderia déi aacht Plaz. Hien huet sengem Teamkolleeg Charles Leclerc (P7) de Virtrëtt misse loossen.

Fir de Lando Norris war et iwwerdeems déi 10. Pole a senger Karriär. "Et fill sech gutt un, e perfekte Start an d'Joer. Grousse Gléckwonsch un d'Ekipp, déi eng gutt Aarbecht gemaach hunn. Eng Fortsetzung vum Joer virdrun, ma et war eréischt de Qualifying", sou den Norris. "Et gëtt eng haart Course."

De Grousse Präis vun Australien gëtt e Sonndeg de Moien um 5 Auer eiser Zäit gestart. Et gëtt Ree fir d'Course erwaart. Op RTL ZWEE an um RTL Play kënnt Dir vu 4.30 Auer u live mat dobäi sinn.

Am Q1 sinn e Samschdeg de Moie fréi eiser Zäit direkt dräi Rookien eliminéiert ginn. Ënnert hinnen de Kimi Antonelli op Mercedes, de Liam Lawson op Red Bull an den Oliver Bearman op Haas. Dem Bearman ass keng Zäit am Qualifying gegléckt. Nodeems hien direkt am Ufank vum 3. Fräien Training vun der Streck ofkomm an am Kräsi un d'Stoe komm war, konnt de Britt mat sengem Gefier d'Box guer net verloossen. Donieft war et nach den Out fir den zweeten Haas-Pilot Esteban Ocon an den Nico Hülkenberg op Sauber.

RTL

Rookie Liam Lawson am Q1 nieft der Streck / © PAUL CROCK AFP

Am Q2 war fir déi aner dräi vun den am Ganze sechs Rookië Feierowend: Isack Hadjar op Racing Bulls, Gabriel Bortoleto op Sauber an Jack Doohan op Alpine. Eliminéiert goufen och nach déi zwee Aston-Martin-Pilote Fernando Alonso a Lance Stroll.

Am Q3 haten um Enn déi zwee McLaren-Piloten Norris a Piastri d'Nues vir.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LOUIS VUITTON AUSTRALIAN GRAND PRIX 2025

De Kalenner vun der Saison 2025